Wéinst Krankheet
Den Justin Bieber ënnerbrécht erëm seng Welttournée

© AFP
De kanadesche Popstar hat seng Erkrankung um "Ramsay-Hunt-Syndrom" am Juni ëffentlech gemaach.
De "Ramsey-Hunt-Syndrom" ass eng seelen neurologesch Krankheet, déi zu enger Entzündung a Lämung vum Gesiichtsnerv féiere kann. Donieft kann et och zu Schied um Gehéier kommen.
Viru kuerzem hat de Bieber seng Tournée rëm lancéiert an ass bei siwe Concerten opgetrueden. Opgrond vun der Corona-Pandemie hat de kanadesche Star scho missten zwou Tournéeë verréckelen. Bis Mäerz 2023 waren eng Dosen Optrëtter op der ganzer Welt geplangt.
Wéi laang seng Tournée elo ënnerbrach ass, ass net bekannt.
Am meeschte gelies