De Festival soll virun allem jonk Rapperen uspriechen an hinnen eng Plattform bidden.

Mat der Hëllef vun Esch 2022 organiséiert d'Rockhal, Rocklabs a Konektis Entertainment e Festival. Déi éischt Editioun vum THE QWEST Festival ass e Samschdeg, de 5. November 2022 an der Rockhal.

Nom Succès vun der éischter Editioun vun der THE QWEST Freestyle Challenge am Joer 2021, där hiert Zil war, d'Lëtzebuerger Hip-Hop-Communautéit z'ënnerstëtzen, hate sech d'Rockhal a Konektis Entertainment en Defi gesat, fir 2022 en Evenement z'organiséieren, dat virun allem d'Jugend usprécht.

D'Rockhal wäert an hirer grousser Hal eng 15 Artisten empfänken, dorënner eng Selektioun vun de beschte Museker aus der Lëtzebuerger an däitscher Hip-Hop-Zeen.

De Rocklab huet parallel zum THE QWEST Festival d'zweet Editioun vun der Freestyle Challenge lancéiert. Am Joer 2021 goufen d'Videoe vun de 40 Participanten iwwer 30.000 Mol an de sozialen Netzwierker ugeklickt.

Weider Informatiounen iwwert de Festival fannt Dir hei.