Dem Lëtzebuerger Moler a Graffiti Kënschtler Sumo seng Wierker waren an de leschte Joren op ville grousse Surfacen ze gesinn, dorënner de Luxair-Fliger.

Ma zënter 4 Joer huet de Sumo och seng eege Galerie an der Stad a genau do weist hien den Ament net nëmme seng Konscht, ma och di vu senge Street Art-Kolleegen den Thomas Iser an de Stick.

Seng eege Galerie opzemaachen, dat war fir de Sumo virun e puer Joer nach wäit an der Zukunft. Ma wéi den Zoufall et wollt, huet den Espace op der Gare dunn awer perfekt gepasst, fir en Atelier a gläichzäiteg eng Galerie ze installéieren. An elo gëtt et d’Galerie 1:1 scho 4 Joer.

"An deene 4 Joer waren 2 Joer Corona, dat heescht an där Zäit hunn ech d'Galerie einfach zougelooss an ech hunn alles als Atelier benotzt. Dat hei ass elo déi éischt offiziell Expo fir dat Ganzt erëm un d'Goen ze kréien." (Sumo – Kënschtler a Galerist)

Fir de Sumo ass et wichteg, eng Galerie ze hunn, wou och d'Kolleegen aus der Zeen eng Plaz kréien. De Stick kënnt aus der selwechter Graffiti-Generatioun wéi de Sumo a schafft och vill op grousse Surfacen am ëffentleche Raum. An der Galerie weist hien en Assemblage vun Objeten, déi hien op Plazen, wou hie spraye gaangen ass, gesammelt.

"Di Objete guidéieren och meng Konscht, dat heescht, ech adaptéiere mech dem Support. An ech muss Léisunge fannen, fir d'Objeten op der Mauer, mat de Faarwen, dem Equiliber an di verschidde Matièren zesummenzesetzen. Domadder spillen ech da ganz vill." (Stick – Graffiti-Kënschtler)

Aus dem Graffiti kënnt och den Thomas Iser. Seng Konscht ass vill duerch seng perséinlech Erliefnisser gepräägt an hie probéiert ënner anerem, negativ Elementer an eppes Positives ze verwandelen.

"Et ass scho bal eng therapeutesch Konscht. Ech léiere mech selwer och vill besser kennen, duerch dat, wat ech an der Konscht maachen. Ech wëll mat menger Konscht e positiven Impakt op d'Gesellschaft hunn an dat ass de Sënn vum Liewen." (Thomas Iser - Kënschtler)

D'Ausstellung an der Galerie 1:1 mam Sumo, Stick an Thomas Iser kann een nach bis den 8. Oktober weekends oder op Rendezvous kucke goen. An duerno wäert da Plaz gemaach ginn fir den nächste Street Art-Kënschtler, déi Kéier de Moler vu Koler, den Alain Welter.