Den Orchester Solistes Européens Luxembourg huet dacks méindes an der Philharmonie Rendezvous mat sengem Public.

Dës Woch hat een d'Geleeënheet, eng éischt Opféierung vun engem Piano Concerto vum Lëtzebuerger Komponist Ivan Boumans ze entdecken. Gespillt vum SEL a vum Lëtzebuerger Pianist Jean Muller.

De Komponist Ivan Boumans war gläichzäiteg den Dirigent vum Orchester SEL bei der éischter Opféierung vu sengem Stéck. Hien ass och Proff am Conservatoire an natierlech gëtt et Froen driwwer, wéi sou ee Stéck bei engem Museker am Kapp entsteet.

E Museksstéck räift am Kapp vum Komponist iwwer Wochen, iwwer Méint an heiansdo iwwert Joren erun. De Prozess ass ofhängeg vum sougenannten "Etat d’âme" vum Museker, vun den Zwäng oder der Freed, déi d’Liewen him och soss nach bitt, an iergendwann ass et fäerdeg, an den Dag kënnt, wou een et fir d’éischte Kéier héiert.

Zu engem Piano Concerto gehéiert en Orchester, de Piano natierlech an de Pianist. An dësem Fall de Lëtzebuerger Jean Muller, och international eng Referenz. Hien huet den Ivan Boumans scho virdru kannt a krut relativ fréi schonn Noute vun Deeler aus deem neie Stéck geschéckt.