Ee Joer laang huet de Grammy-Gewënner um Projet "Eastwood Symphonic" geschafft.

Et ass eng Situatioun, déi och de routinéierte Lëtzebuerger Dirigent a Komponist Gast Waltzing net kal léisst. "Ech muss soen, ech hu lo bëssen d'Chocotten, well et ass fir d'éischt, dass mir lo alles zesummen héieren. Mee dat wäert scho goen", esou de Gast Waltzing, wéi mir hien e Freideg bei de Prouwen zu Nanzeg besicht hunn.

Ee Joer laang huet de Grammy-Gewënner um Projet "Eastwood Symphonic" geschafft. Seng Aufgab: 12 Lidder aus dem Clint Eastwood senge Filmer nei arrangéieren – fir e Symphonie Orchester an en Jazz Quintett, déi zesumme spille sollen. D'Iddi kënnt vu kengem anere wéi vum Jazz-Museker Kyle Eastwood, Fils vum weltwäit bekannten Oscar-Gewënner.

Gast Waltzing: "Ech hu mech dräi Mol mat him getraff an him meng Arrangementer gewisen. An ech muss soen, hien ass en extrem feine Mënsch. D'Zesummenaarbecht war super gutt. Hien ass wierklech an der Musek dran. An hien huet och selwer vill Museke geschriwwen, et sinn der och déi säi Papp geschriwwen huet. Mee mat him hunn ech mech bis elo ganz gutt verstanen."

De Kyle Eastwood a säin Jazz Quintett konnte bei de Prouwen e Freideg nach net selwer dobäi sinn, ma per Video-Gespréich erzielt hien eis, dass hie schonn ëmmer e Projet wollt maachen, bei deem hie seng dräifach Passioun fir Jazz, Orchester a Filmmusek ka kombinéieren. A mam Gast Waltzing hätt hien de richtege Partner fonnt.

Kyle Eastwood: "Ech hu mir verschidde vu sengen Aarbechten ugelauschtert a geduecht, dass hie gutt géif passen. Hie spillt selwer Trompett an huet e gudden Jazz-Hannergrond. An hien huet schonn esou änlech Projete gemaach. Dofir passt dat."

Mam "Eastwood Symphonic" stoung de Gast Waltzing virun enger grousser Erausfuerderung: Jazz-Museker an Orchester zesummebréngen. Dat wier guer net esou einfach, erkläert de Kyle Eastwood.

"Beim Jazz geet et méi ëm Fräiheet, et ass vill Raum fir Improvisatioun an Interpretatioun an deem Moment. Heiansdo ass et schwiereg, wann een en Orchester huet, well et ass alles opgeschriwwen a genee esou gëtt et gespillt. Mir hu versicht, et sou ze maachen, dass mir Plaz fir Impro hunn, awer trotzdeem mam Orchester zesummeschaffen. Et ass e bësse kniwweleg, mee ech freeë mech drop."

D'Resultat dovun gëtt dann e Méindeg den Owend eng éischte Kéier zu Nanzeg gewisen. Säi Papp kéint aus zäitleche Grënn net bei der Première dobäi sinn, esou de Kyle Eastwood. An de Gast Waltzing, dee schléisst eng weider zukünfteg Zesummenaarbecht mam Orchester vun Nanzeg net aus. "Dir wësst jo, en Orchester stëmmt ëmmer of iwwert de Chef, da gesi mer ob ech nach eng Kéier invitéiert ginn oder net", seet de Gast Waltzing mat engem Schmunzelen am Gesiicht.

"Eastwood Symphonic" kënnt iwweregens och op Lëtzebuerg: de 7. Mee 2023 an der Philharmonie am Kader vun enger weltwäiter Tournée.