Den Henri Schumacher war ënner anerem vun 1993 bis 2001 President vun der Museks-Unioun.

Trotz engem Féierungsstil, deen net onkontestéiert gewiescht wier, hätte seng Visiounen d’UGDA a besonnesch d’UGDA-Museksschoul gepräägt, heescht et an engem Schreiwe vun der Union Grand-Duc Adolphe.

D'Schreiwes vun der UGDA

Dëse Weekend koum d’Nouvelle, dass de laangjäregen Generalsekretär a President vun der UGDA Federatioun, der Mutuelle an President vum Conseil d’administration vun der UGDA Museksschoul, den Henri Schumacher eis verlooss huet.  Hien war Generalsekretär vun 1974 bis 1992 an du President vu 1993 bis 2001. Net onkontestéiert a sengem Féierungsstil, war hien awer e Visionär.

Seng Visiounen hunn d’UGDA, a besonnesch d’UGDA-Museksschoul gepräägt, war et dach ënnert senger Leedung, dass des Institutioun e wichtege Partner fir Gemenge ginn ass a fir d’musikalesch Formatioun bis an all Uertschaften.

De Conseil d‘administration vun der UGDA, d’Museks- a Gesangsveräiner hei am Land profitéieren haut vum Henri Schumacher senge Visiounen a soen dofir Merci.

Der Famill eist häerzlechst Bäileed a Matgefill.