De Maarnicher Festival huet sech vun Ufank un d’Prezisioun "kleng" op d'Stier geschriwwen. Mee kleng heescht jo net, dass näischt gebuede gëtt.

Zënter 36 Joer gëtt et all Joer eng Editioun vum klenge Maarnicher Festival. Musek gëtt op ville Plazen an der Clierfer Géigend gespillt. Och am Cube521 zu Maarnech. An do war de Régis Thill fir eis op de Concert "Let’s make it slide" , an hie bréngt Andréck vum Festival mat. De Maarnicher Festival huet sech vun Ufank un d’Prezisioun "kleng" op d'Stier geschriwwen. Mee kleng heescht jo net, dass näischt gebuede gëtt. A kleng kann och eng Garantie fir Qualitéit sinn. Mee haut stellt sech d’Fro: ass de Festival kleng genuch, ze kleng, net kleng genuch ?

Um Programm vum leschte Sonndeg stoungen Trombonnen oder Posaunen am Mëttelpunkt. De Make it slide Sextett zesumme mat Invitéeën, dorënner de Michel Bequet. De Fransous ass zënter Joren ee vun de bekanntsten Trombonisten, deen alle vu Concourse gewonnen huet, wat ee gewanne kann. Mat him gëtt et fir 2023 eng exzeptionell Kollaboratioun: en internationale Concours fir Trombonn.