"Semaine de la Santé mentale"
"La vraie vie" - E Lidd, dat Hoffnung soll maachen
Am CHNP zu Ettelbréck hunn e Grupp Jugendlecher a psychiatrescher Betreiung e Lidd eraus bruecht, dat op eng speziell Aart a Weis beréiere soll.
Am Kader vun der "Semaine de la Santé mentale" hu si "La vraie vie" geschriwwen, e Lidd, an deem si sangen, wat si alles erlieft hunn. "La vraie vie" wëll op musikalesch Manéier sou vill Leit wéi méiglech erreechen. Mat vill Faarf a Rapp wëlle si drop opmierksam maachen, dass jidderee mol kann eng Krankheet kréien, ee keen Tabu soll draus maachen an duerch d'Musek méi staark ginn.
Am meeschte gelies