Nodeems d'Uergel aus der Kathedral an der Stad eng Zäit an der Reparatur war, spillt si elo nees, dat mat speziellen Téin a renomméierten Organisten.

Bal 80 Joer huet d'Uergel vum Lëntgener Uergelbauer Georges Haupt an der Kathedral d'Masse begleet. 2017 kruten d'Päifen awer Problemer an d'Haupt ass fir komplett Renovéierungsaarbechten a Vorarlberg an Éisträich bruecht ginn. E puer Joer méi spéit an no enger Rechnung vu ronn 2 Milliounen, spillt si elo nees, an dat an esou speziellen Téin, dass fir hir Aweiung esouguer den Organist vun der Kathedral Notre Dame de Paris, de Wee an d'Ënneschtgaass fonnt huet.

Den Olivier Latry kennt eis Uergel vu fréier - d'Notre Dame de Paris kënnt an d'Notre Dame de Luxembourg spillen an ass begeeschtert. D'Téin sinn eng Saach, de Kader, eng aner…

Ett hätt ee mat deenen ale Päiffen eng nei Uergel gebaut. Eng Combine, déi réusséiert ass, fannen d'Profien an och déi, déi sange kënnen a vun der Uergel ënnerstëtzt ginn. D'Stëmmung an der Kathedral war nom Wuertgottesdéngscht, dem Seene vun der Uergel, dem Concert mam franséischen Organist immens schéin.

Concerten ginn et an der Kathedrale iwwregens elo reegelméisseg iwwer déi nächst Wochen.