1. Mäerz 2024
Den Nico Santos kënnt op Lëtzebuerg an d'Rockhal

Am Kader vu senger "Ride Live Tour 2024" fënnt den Nico Santos de Wee och bis op Lëtzebuerg.
Loscht op cool HipHop-Beats, gemëscht mat smoothen R&B-Rhythmen, spueneschem Flair, Deep House a Pop? Da verhaalt Iech den 1. Mäerz 2024, da kënnt d'Ausnametalent Nico Santos fir seng alleréischt Arena-Tour op Esch an d'Rockhal. Dat huet den Atelier e Méindeg de Moie bekannt ginn.
D'Tickete ginn den 2. Dezember um 10 Auer an d'Vente, de PreSale leeft schonn e Mëttwoch 30. November op eventim.de.
Am meeschte gelies