No enger laanger Covid-Paus, virun allem am Beräich vun der Live-Musek, huet een e Samschdeg d'Loscht op Musek bei der Band an de Fans gespuert.

Virun ausverkaaftem Haus huet déi brittesch 3-Mann-Band gespillt, déi eng Mëschung aus Folk- an Indierock mécht, an dobäi och emol elektronesch Aflëss duerchsickere léisst.

Direkt vun Ufank un huet een och gemierkt, dass de Sall reegelrecht prett ass fir Alt-J an hirem gewinnte gemittlechen Style, deen sech virun allem natierlech gutt live eranzéie léisst. Scho länger en Numm an der Zeen, hunn déi 3 Britten virun allem mat hirem leschten Album "The Dream", deen dëst Joer erauskomm ass, an net nëmmen an den Charts, sou gutt wéi nach ni eng LP vun der Band positionéiert war, ma och bei de Kritiker iwwerzeegt.

D'Band huet pénktlech um 20.30 ugefaangen an huet net enttäuscht... De Publikum huet relativ séier matgemaach, war also waarm vun Ufank un an huet och déi méi bekannte Lidder euphoresch matgesongen. Virun allem eent vun de Favoritte-Lidder bei de Fans, "Breezeblocks", dat an der Zugabe als leschte Lidd gespillt gouf, huet fir allgemeng Begeeschterung gesuergt an de Concert ronn op en Enn bruecht, dat no ronn annerhallwer Stonn.

Och wann et deels am Ufank eng Partie Längten am Set goufen, huet Alt-J awer alles an allem zefridde Gesiichter bei den Atl-J-Fans an op alle Fall e gudden Androck bei all den aneren Musekfans hannerlooss. Eng professionell Band a sympathesch Museker, déi wëssen, wéi se mat hirem melancholeschen, folkeschen an och mol deels bizzare Melodien en Owend brillant gestallt kënnen. Op alle Fall war, falls een dann en Ticket kritt huet, dëse Besuch derwäert, sech am Atelier blécken ze loossen.

Setlist am Atelier (Lux)

Intro: Hey Boy Hey Girl (The Chemical Brothers song)

1. Bane
2. Every Other Freckle
3. The Actor
4. In Cold Blood
5. Deadcrush
6. ❦ (Ripe & Ruin)
7. Tessellate
8. U&ME
9. Matilda
10.Chicago
11. Something Good
12. Bloodflood
13. The Gospel of John Hurt
14. Delta
15. Philadelphia
16. Pleader (Tour debut)
17. Taro
18 Dissolve Me
19. Fitzpleasure

Encore:

20. Play Video
21. Hard Drive Gold
23. Breezeblocks