Viru gutt 16 Joer ass de gebiertege Pol op Lëtzebuerg geplënnert an huet sech zanterhier hei zu Lëtzebuerg als DJ etabléiert.

Seng Léift zur elektronescher Musek huet hien zwar schonn hei zu Lëtzebuerg entdeckt, ma zu enger richteger Passioun ass et awer réischt no enger Rees mat de Kolleegen op Ibiza ginn.

"Dat war déi éischt Kéier dass ech zu Ibiza war an, musikalesch gesinn, war ech richteg positiv iwwerrascht. Dat war 2010 an zanterhier war ech praktesch all Joer erëm dohinner gefuer", esou den Ariel. "Wéi ech vun där éischter Rees erëmkomm sinn, sot ech mir, dass ech net méi nëmme ka Musek lauschteren, mä dass ech och selwer eppes maache wëll."

Dat war de Start vu senger DJ-Karriär, déi hien zanterhier nieft sengem deegleche Beruff ausüübt. Selwer Tracks ze produzéiere sti fir den Ament awer net um Programm. "Ech si kee Produzent, ech spille just Musek. Dat ass, musikalesch gesinn, meng Bestëmmung: gutt Lidder erauszesichen."

DJ Serie - Ariel

Nieft de Live-Optrëtter als DJ ass den Ariel och ee vun de Besëtzer vun der bekannter Gin-Bar an der Stad, dem GoTen. Hei organiséiert hien dann och reegelméisseg Eventer, ewéi zum Beispill d'"Home Coming" oder d'"Sunday Rituals", déi fréier op méi grousse Plazen ausserhalb vum Bar op Sonndeger organiséiert goufen, elo awer zanter Kuerzem an de GoTen geplënnert ass. Heivir gëtt dann all Kéiers ee Kollektiv invitéiert, deen da kann de Bar an alles, wat domat zesummenhänkt, fir een Owend ëmdekoréieren. Den éischte Kollektiv war de "Moonshine Kollektiv".