De Sam Felten ass zanter 2019 aktiv zu Lëtzebuerg als DJ ënnerwee. Wärend dem Lockdown 2020 huet hie sech un d'Produzéiere gesat, an dat mat Erfolleg.

1.067.650 Mol, esou dacks gouf dem Sam Felten, besser bekannt als Samwell, säi Lidd Very Soon bis elo, eleng op Spotify, gelauschtert.  D'Lidd ass am Mee 2021 erauskomm a war, no senger Debut Single Take Me Home an der Galaxy-EP, eent vun den éischte Lidder, déi den 30 Joer jonken DJ selwer produzéiert huet. Mat esou engem Erfolleg hat hien awer ufanks net gerechent.

RTL

"Wéi ech bei Take Me Home 100.000 Streams op Spotify krut, sot ech mir och, sou vill Streams wäers de ni méi erreechen an dunn, hunn ech nach ee kommerziellt Lidd gemaach, Very Soon. Ech hunn et gutt fonnt, mä ech hat e bessere 'Feeling' bei Take Me Home. Wat ech et awer méi dacks gelauschtert hunn, wat ech et awer ëmmer méi gären hat a jiddereen, deem ech et gewisen hunn, huet et direkt mega gefeiert. Dunn, ass d'Lidd op Spotify erauskomm an et hunn ëmmer méi Leit et gestreamed. Ech sot mir, wann dat sou weidergeet, da kann et wierklech op d'Millioun goen", sou de Samwell.

RTL

© Philippe Schroeder

Very Soon ass, genau wéi Take Me Home, och a Kollaboratioun mam iresche Sänger J Fitz entstanen. Kenne geléiert hunn déi zwee sech online, wéi de Sam no enger Stëmm fir säin Track gesicht huet an op eng Plattform op dem Sänger seng Soul-Stëmm opmierksam ginn ass.

DJ Serie - Samwell

Obschonns de Genre vu Musek gutt ukënnt, wéilt de Samwell an Zukunft eng aner Schinn aschloen, an éischter a Richtung "Melodic Techno" goen. Seng neiste Single Exit, déi de Sam am Oktober erausbruecht huet, ass just e klenge Virgeschmaach.

Samwell op Spotify