2016 huet den Eric Nosbusch d'DJen am Optiounscours am Lycée fir sech entdeckt an huet sech zanterhier fest an der Lëtzebuerger DJ-Zeen etabléiert.

Iwwer déi lescht 6 Joer huet hie vill verschidde Genren exploréiert. Säi rezentste Lidd war Focus, koum den 18. November eraus an ass éischter a Richtung Tech House gaangen. Do virdrun hat hien den Track Taking Over Me a Kollaboratioun mam CHAILD erausbruecht. De Fakt, dass si an esou ënnerschiddleche Genren aktiv sinn, huet hien als Virdeel gesinn.

DJ Serie - NOSI

"Ech fannen et interessant, déi verschidde Genren ze mëschen", sou de NOSI. "Wéi ech deemools mam CHAILD geschafft hunn, hunn ech gemierkt, dass hien um Ufank eng aner Visioun vun deem Lidd hat, wéi déi, déi ech am Kapp hat, an du sot ech him, da waart, ech hunn do eng Iddi. Ech mengen, dass dat mega cool ass. Dat klappt och an déi ëmgedréite Richtung - dass hie mat Iddie komm ass, un déi ech net geduecht hunn, wéinst deem Milieu, aus deem ech kommen. Ech fannen dat richteg interessant an och wichteg, dass ee sech aus verschiddene Genre vu Musek austauscht."

An Zukunft kéint een also nach eng Rëtsch Kollaboratiounen erwaarden, esou den NOSI. An der Tëschenzäit ass hie vill mat Live Gigs zu Lëtzebuerg awer och am Ausland aktiv. Fir Silvester fënnt een hien, zum Beispill, am "Complex" zu Maastricht. Méi Informatiounen an Aktualitéiten zum NOSI fënnt een hei.

NOSI op Spotify