Harry-Potter-Fans a Mënzsammler dierfe sech freeën: D'brittesch Royal Mint bréngt eng Serie vu Mënze mat Motiven aus de beléifte Bicher eraus.

Fir de 25. Jubiläum vun der Publikatioun vum éischten "Harry Potter"-Buch huet d'brittesch Royal Mint e puer Mënze mat Motiven aus der Bicherserie gepräägt. Déi éischt vu véier Sammlermënze goufen e Méindeg presentéiert. Op der enger Säit vun der Mënz am Wäert vu 50 Pence ass d'Damplokomotiv vum Hogwarts-Express ze gesinn, op där anerer Säit e Portrait vun der Queen Elizabeth II.

D'Monarchin, déi am September gestuerwen ass, soll op zwou vu véier Mënz ze gesi sinn. Op deenen aneren zwou soll e Portrait vun hirem Bouf, dem Kinnek Charles III. ofgebillt sinn.

Wéi et vun der Cheffin vu Royal Mint heescht, wier et immens rar, datt bannent enger Mënz-Serie e Portrait wiesselt. Dowéinst géing een awer vun enger grousser Nofro ausgoen. Op deenen anere Mënz sollen nach den Harry Potter selwer, d'Zauberschoul Hogwarts an hiren Direkter, de Professer Dumbledore ze gesi sinn.

Tweet The Royal Mint