A Presenz vum US-President Joe Biden a sëllegen Hollywood-Stars huet de Kennedy Center zu Washington säi renomméierte Konscht-Präis verdeelt.

Geéiert goufen ënner anerem de Schauspiller George Clooney an d'Band U2. Fir hiert Liewenswierk ausgezeechent, gouf e Sonndeg den Owend och d'Soul-Legend Gladys Knight, d'Komponistin Tania León an d'Popsängerin Amy Grant.

D'Laureate souze bei der Präisverdeelung an der Oper vum Kennedy Center zesumme mam Biden a senger Fra Jill an der Presidenteloge. Do virdru ware si vum US-President am Wäissen Haus empfaange ginn.
D'Kennedy Center Honors gehéieren zu de renomméiertste Kultur-Präisser an den USA. Ee vun den Héichpunkte vun der Gala war den Optrëtt vum Eddie Vedder vun der Rockband Pearl Jam, déi den U2-Hit "Elevation" an "One" zum beschte ginn. Déi ukrainesch Sängerin Jamala huet mam Brandi Carlile an Hozier d'Lidd "Walk On" gesongen.

De Schauspiller Sean Penn huet déi véier Bandmembere Bono, The Edge, Adam Clayton a Larry Mullen Jr. als "groussaarteg Musekpoeten fir d'Éiwegkeet" gewierdegt. De brittesche Komiker Sacha Baron Cohen huet e komedianteschen Hommage un d'Band geliwwert an huet virun allem bei der First Lady fir e Laache gesuergt, wéi hien esou gemaach huet, wéi wann hien hire Mann mam Ex-President Trump verwiessele géing. "Är orange Haut ass nawell e bësse bleech ginn", sou de Baron Cohen zum Biden.

Déi 79 Joer al Pulitzer- a Grammy-Laureatin Tania Léon, déi selwer schonn dacks am Kennedy Center op der Bün stoung, huet mat den Tréine gekämpft, wéi si fir hiert Liewenswierk geéiert gouf. De Rapper LL Cool J, d'Ariana DeBose, d'Mickey Guyton an de Garth Brooks hunn e puer vun hire bekanntste Lidder gesongen.

Stars wéi d'Sheryl Crow an d'Country-Grupp The Highwomen hunn iwwerdeems d'Éierung fir d'Amy Grant iwwerholl. D'Grammy-Gewënnerin, déi mat chrëschtleche Popsongs bekannt gouf, huet sech dat an hire "kéngsten Dreem" net kënne virstellen, emol dee Präis dierfen entgéint ze huelen.