De Schrëftsteller vu Wierker wéi "Paris brûle-t-il?" oder "La Cité de la joie" ass am Alter vun 91 Joer duerch Altersschwächt vun eis gaangen.

D'Fra vum franséischen Auteur Dominique Lapierre huet e Sonndeg der franséischer Zeitung "Var-Matin" matgedeelt, datt den Dominique Lapierre gestuerwen ass. Hie war den 30. Juli 1931 zu Châtelaillon am Weste vu Frankräich gebuer a gouf 1954 "Grand Reporter" bei der Zeitung "Paris-Match", fir déi hie bis 1967 vun alle Krisen op der Welt bericht huet.

Zesumme mam US-Bestsellerauteur Larry Collins huet de Lapierre eng Partie Wierker verfaasst, vun deene ronn 50 Milliounen Exemplairë verkaf goufen. Dorënner och "Paris brûle-t-il?", dat sech op den Uerder vum Adolf Hitler aus dem August 1944 bezitt, datt déi däitsch Wehrmacht Paräis bei engem Réckzuch virun den Alliéierten nëmme komplett zerstéiert zréckloossen dierft. Den däitsche Generol Dietrich von Choltitz huet den Uerder deemools allerdéngs refuséiert. D'Buch huet als Virlag fir de Film mam selwechten Numm aus dem Joer 1966 gedéngt.

Och d'Bicher "O Jerusalem" iwwert d'Entstoe vum Staat Israel" an "Cette nuit la liberté" iwwer d'Onofhängegkeet vun Indien, déi de Lapierre zesumme mam Collins geschriwwen huet, si weltwäit Bestseller ginn. Dem Dominique Lapierre seng Leidenschaft fir Indien huet 1981 zu der Grënnung vun enger humanitärer Organisatioun gefouert, déi sech ëm leprakrank Kanner aus de Slums vu Kalkutta këmmert. D'Hallschent vu senge Recetten aus de Bicher-Verkeef goufen un d'Stëftung gespent.

Zwee Joer ass de Schrëftsteller zu Kalkutta bliwwen, fir iwwer d'Liewen an den Aarme-Véierel ze recherchéieren. 1985 huet hie säi Bild vu Kalkutta am Buch "La Cité de la joie" festgehalen, dat méi spéit och verfilmt gouf - mat an der Haaptroll de Patrick Swayze.

Déi gréisst Zäit vu sengem Liewen huet den Dominique Lapierre zu Ramatuelle an der Provence gewunnt, wou en Tennisfeld säin Haus mat deem vu sengem 2005 verstuerwene Frënd Larry Collins getrennt huet.