Capt. Maverick a Kommissär Xavier Kieffer
D'Visiteurszuelen am Kino hu sech no der Pandemie nees erholl. D'Buch profitéiert aktuell nach ëmmer vum Succès, deen et wärend der Pandemie hat.
Gréisste Kinohits
Kee Film huet 2022 sou vill Leit hei zu Lëtzebuerg an de Kino gelackelt wéi d'Suite vun engem Film aus den 80er Joren. "Top Gun: Maverick" mam Tom Cruise. Annerhallef Milliard Dollar huet de Film weltwäit agespillt.
Zu Lëtzebuerg kënnt den neiste Film iwwer "Minions" op déi zweete Plaz. Esou just am Kino a schonn op der drëtter Plaz: "Avatar: The Way of Water". De Regisseur James Cameron ass einfach e Garant fir Rekord-Verkafszuelen.
Op Lëtzebuerger Säit hat "Corsage" mam Vicky Krieps an der Haaptroll am meeschte Succès. De Film iwwer d'Liewe vun der éisträichescher Keeserin ass och an der Shortlist fir d'Oscaren an der Kategorie "beschten auslännesche Film".
Am meescht verkafe Bicher
RTL huet an enger grousser Librairie an der Stad nogefrot, déi uechter d'ganz Land Butteker huet.
Am meeschte verkaf gouf deen nächste Krimi vum Tom Hillenbrand. De Kommissär Xavier Kieffer ass am "Goldenes Gift" nees ënnerwee.
Op Plaz zwee d'Buch vum Giuliano Da Empoli "Le Mage du Kremlin", e Buch mat aktueller Thematik.
Déi lescht Plaz um Podium ass fir d'englescht Buch: "It ends with us" vum Colleen Hoover.