De Roger Krieps, genannt Rosch, ass dout. Wéi d’"Land" geschriwwen huet, ass hien en Dënschdeg d’lescht Woch am Alter vu 97 Joer gestuerwen.
Hie war Redakter bei der Wochenzeitung d’Land, huet eng Rei kulturpolitesch Bicher geschriwwen a war e gudde Bekannte vum Edward Steichen. Iwwert deen de Rosch Krieps och 2 Biographië geschriwwen huet.
De Rosch Krieps huet iwwerdeems och fir de LëtzebuergerJournal, d'Revue, d'Tageblatt, d'Cahiers luxembourgeois, d'Galerie an d'Agence Belga geschriwwen.
Donieft haten d'Wanderen an de Camping zu senge Passiounen gehéiert, hei an am Midi, wou hien e groussen Deel vum Joer mat senger Fra gelieft huet.
2016 war de Rosch Krieps eisen Invité um Radio
Den Auteur huet op säi Liewen zeréckgekuckt an dobäi ernimmt, datt et de Carlo Hemmer war, deen hien als Schmelzaarbechter quasi entdeckt huet an zum Schreiwe bruecht huet. D'Schreiwen an d'Bicher redigéieren - eng liewenslaang Passioun fir de Rosch Krieps, deen als Journalist seng meescht Artikelen publizéiert huet.
De Rosch Krieps iwwert d'Schreiwen a wat dat fir hie bedeit:
Dëst Joer ass iwwerdeem de 50. Anniversaire vum Doudesdag vum gebiertege Béiwenger, weltbekannte Fotograf Edward Steichen. Dëst Joer sinn och eng sëllegen Ausstellungen an Evenementer. Speziell duerfir gouf mam Paul Lesch jo e Kommissär genannt, deen duerfir och den Direktesch-Posten beim CNA wäert verloossen.
D'Steichen-Expo "The Bitter Years", déi am Diddelenger Waassertuerm ze gesinn war, wäert net do bleiwen. Gesicht gëtt no enger adequater Form, fir dës Fotoen integral kënnen ze weisen. Dat äntwert d'Kulturministesch Tanson op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierten Di Bartolomeo an Asselborn-Bintz.