145 Gefierer den DagZejoert hunn d'mobil Radaren 52.970 Gefierer "geblëtzt"

Carine Lemmer
Dat geet aus der Äntwert op eng parlamentaresch Fro ervir.
© RTL-Archiv

Déi 5 mobil Radaren, déi Lëtzebuerg huet, hunn zejoert 52.970 Gefierer geblëtzt, also eng 145 Gefierer den Dag. Dat geet aus der Äntwert vum Inneminister Léon Gloden op eng parlamentaresch Fro vum Nord-DP-Deputéierten André Bauler ervir.

Dee wollt nämlech wëssen, wéi vill Gefierer den 12. Februar dëst Joer zu Ierpeldeng geblëtzt gi waren. Do géifen nämlech reegelméisseg Vitesskontrolle Sënn maachen. De Minister Gloden äntwert, datt deen Dag 31 Chaufferen ze séier waren.

De mobile Radar wär an där Woch an der Nordstad och zu Dikrech op der N7 am Asaz gewiescht. Hei wiere 55 Gefierer geblëtzt ginn.

Back to Top
CIM LOGO