
D’Decisioun vun der Faillite vu Paul Thiltges Distributions gouf de 6. Mäerz vum Handelsgeriicht prononcéiert. Aktuell géif ee mam Curateur zesummeschaffen, huet eis de Produzent Paul Thiltges op Nofro hin erkläert. Hien hat d’Firma 1993 gegrënnt. Finanziell, mä och mënschlech gesinn, géif vill um Spill stoen. Dofir wéilt hie sech zu dësem Zäitpunkt och net dozou an der Press äusseren. Zesummen mam Curateur, der Maître Marie-Laure Carat, géif elo versicht ginn, alles ze maachen, fir nach méi Schued ze evitéieren, esou de Produzent Thiltges.
Och d’Piratepartei huet zu dëser Faillite eng parlamentaresch Fro un de Kulturminister gestallt. Där Fro vum Deputéierte Marc Goergen no hätt d’Pault Thiltges Distributions Sàrl ronn 20 Milliounen Euro an de leschten 10 Joer vum Filmfong kritt. Dëst geet aus enger anerer parlamentarescher Fro vum Deputéierten ervir, an där Detailer zum Filmfong gestallt gefrot goufen. Ënner anerem wëll de Politiker vun de Pirate wëssen, wéi vill Suen d’Firma am ganze vum Staat kritt huet a wéi vill Paul Thiltges Distributions och schonn zeréckbezuelt huet. Och ass et d’Fro no de Rechter vun de Filmer, déi vun der Produktiounsfirma hiergestallt goufen.