Kuerz virum Release vun hirem éischten Album daucht déi belsch Kënschtlerin de 15. Februar de Gudde Wëllen an hiert verzaubert an absurd Universum an.

Sauce à part

D'Judith Kiddo ass eng polyvalent Kënschtlerin. Et sengt, spillt Theater an ass och bei der Entwécklung vu Filmprojeten bedeelegt, ënnert anerem vu sengen eegene Museksvideoen. Eng Villfalt u Kënnen an Interessien, déi di Bréisseler Kënschtlerin och an hir Musek afléisse léisst.
D'Resultat si psycheedelesch Balladen déi, obwuel se vun enger gewëssener Melancholie gepräägt sinn, dem Publik eng verspillten an humorvoll Welt presentéieren. Och dierf e gewësse Mooss un Absurditéit net feelen. En Element, dat gefillt schonn ëmmer déi Belsch Kulturlandschaft gepräägt huet wann een, ënnert anerem, un de surrealistesche Moler René Magritte oder nach d'Sängerin Lio denkt.

"D'Absurditéit ass ganz kloer e wichtegen Deel vu mengem Konzept. Mä dat geet net duer. D'Iddi ass et, iwwert de Wee vum Humor, vun der Absurditéit, och sérieux Themen unzeschneiden", erkläert d'Sängerin. Eng Approche, déi d'Judith Kiddo, ënnert anerem, am Lidd Only Loves Me When I Cry ëmsetzt. "Dat Lidd erzielt d'Geschicht vun enger toxescher Bezéiung, vun där ech nach ganz laang Nowéie gedroen hunn," sou d'Kënschtlerin.

Ënnert Afloss

Déifgrënneg Themen unhand vu skurrille Mëttelen ze verschaffen ass eng Aart a Weis, déi ëmmer nees an der Musek agesat gëtt. Ënnert de Beispiller, déi d'Judith Kiddo am meeschte beaflosst hunn, fënnt een d'Kate Bush, dat momentan duerch d'Serie Stranger Things e Comeback feiert, den David Byrne a seng Talking Heads ewéi och d'Catherine Ringer. 
Déi ikonesch Stëmm vum Rita Mitsouko hat sech duerch hiren exzentresche Stil an hiren onkonventionelle Gesangsstil etabléiert. Och hei war d'Absurditéit e Wee, fir düster Sujeten unzegoen. Notamment am Lidd "Marcia Beila", wou hatt enger fréi u Kriibs verstuerwener Frëndin, der Dänzerin Marcia Moretto, eng lescht Éier erweist.

Mee dem Judith Kiddo säin Universum ass och voll mat lëschtegen a faarwegen Elementer déi och der Kënschtlerin hir grouss Liewensfreed an Optimismus spigelen. Ganz dekomplexéiert, zielt hat deemno och d'Maria Carey an d'Rihanna als Inspiratiounsquellen. En Hang zur bonter Mise-en-scène, déi ëmmer méi zum Markenzeeche vun der neier belscher Musekszeen gëtt, ewéi och  d'Robbing Millions, d'Blu Samu oder den David Numwami beweisen.

Ready for Take-off

Zanter dem éischten EP-Release, Petit Chien, 2020 ass et fir d'Sängerin stänneg Biergop gaangen. Sou steet de 24. Februar den éischten Album-Release an der Ancienne Belgique un. E Meilesteen, deen d'Resultat vu vill haarder Aarbecht ass. "Et ass ëmmer nach ganz vill ze dinn", laacht d'Sängerin, "ech këmmere mech gläichzäiteg ëm d'Musek an d'Promo a geprouft muss och nach ginn. Mä et ass immens, wou déi ganz Aarbecht higefouert huet."

Scho virum Release vum Album kann een an dem Judith Kiddo säin Universum andauchen. Si spillt de 15. Februar am Gudde Wëllen an der Stad.