
© Fais Le Beau
Den Diego Cozzi, besser bekannt als Fais Le Beau, ass elo zanter gutt 10 Joer an der Bréisseler DJ-Zeen aktiv.
Seng Passioun fir d'Mëschpult huet hie richteg entdeckt, wéi hien an d'belsch Haaptstad geplënnert ass. Säin éischte Stopp war eng WG, wou si e Plackespiller haten.
"Mir hunn Disce gesammelt an ech si ganz séier 'süchteg' dono ginn an hunn ugefaangen, hei zu Bréissel opzeleeën. Mat der Zäit krut ech ëmmer méi Gigs a sou huet sech dat entwéckelt."
Mëttlerweil ass d'DJe säin Haaptberuff. Virun engem Joer huet hien nämlech seng Aarbecht als Coiffer opginn, fir sech ganz kënnen op d'Musek ze konzentréieren. "Dat war eng grouss Befreiung, well d'Liewe vun engem DJ zimmlech ermiddend ass an en anere Rhythmus huet, wéi aner Beruffer", sou den Diego. "Et ass e richteg gutt Gefill, mä et natierlech huet et Angscht gemaach, meng Aarbecht ze kënnegen. Et ginn ëmmer Méint, wou's de méi Gigs hues, anerer wou et der manner sinn - d'Liewe vun engem Independant halt - mä allgemeng ass et awer méi relax elo, well ech och méi Zäit hunn, mech op Gigs virzebereeden an dat och richteg ze maachen."

© Fais le Beau
Säin DJ-Numm huet den Diego iwwregens nach vu sengem alleréischte Gig bäibehalen. "Ech hu mir scho geduecht, dass déi Fro eng Kéier kënnt", laacht hien, wéi mir hien op den DJ-Numm ugeschwat hunn. "Deen Numm ass am Fong komm, wéi ech mäin éischte Gig hat. Dee war deemools zu Lëtzebuerg am Deqliq an ech hunn onbedéngt een DJ-Numm gebraucht. Mäi Brudder mécht och Musek an hien hat emol e Lidd erausbruecht, wat e 'Fais Le Beau' genannt huet an ech konnt mech zimmlech gutt domat identifizéieren. Dunn hunn ech dat als Numm uginn an iergendwéi hänkt dat zanterhier mat mir, an et ass een zimmlech witzegen Numm."
Fais Le Beau - HÖR BERLIN
2017 huet hien zesumme mat engem Kolleeg e Projet lancéiert, deen de Leit, déi sech e bësse mam Bréisseler Nuetsliewen auskennen, dierft e Begrëff sinn: d'GayHaze. Dat ass eng Party, déi sech un d'queer Communautéit riicht an am Schnëtt all 6 bis 8 Wochen op ënnerschiddleche Plazen organiséiert gëtt. Iwwer déi lescht Joren huet d'GayHaze immens u Popularitéit gewonnen. Hiert Zil wier et awer trotzdeem an där "Underground"-Nisch ze bleiwen.
Donieft ass den Diego och reegelméisseg an anere Clubben aktiv an ass och ee Mol de Mount um "Kiosk Radio" ze fannen, wou hien eng eege Show huet.
Gay Haze w/ Vieira x Fais Le Beau @Kiosk Radio
Fir den Ament huet den Diego nach keng eegen Tracks dobaussen, mä dat géif op der To-Do-Lëscht stoen an do kéint och am Laf vum Joer schonn eppes nokommen. Haalt also d'Oueren op!
Méi Informatiounen zum Diego Cozzi, alias Fais Le Beau, fënnt een op senge soziale Medien.