"Carmen" ass u sech eng Novella vum franséische Schrëftsteller Prosper Mérimée a koum 1845 eraus.

30 Joer drop gouf aus der Novell eng Oper. D'Musek aus dem Stéck ass hautdesdaags weltbekannt a gouf vum Georges Bizet verfaasst. "Carmen" zielt d'Geschicht vum José, engem Mann, dee sech onstierflech an d'Carmen verléift, an doropshi säi ganzt Liewen op d'Kopp gehäit, fir mat hir ze sinn. D'Carmen ass d'Personifikatioun vun enger "Femme fatale" an hält immens un hirer Fräiheet fest. Dowéinst refuséiert si dann och schlussendlech, fir mam José zesummen ze sinn. A senger Trauer a Jalousie bréngt hien d'Carmen ëm.

Zanter senger Konzeptioun huet "Carmen" e gewësse Kult-Status kritt, gouf e sëllege Kéiere vertount, opgefouert a verfilmt, ënner anerem am Joer 2004 vum britteschen Theater- an Opererealisateur Mark Dornford-May. Seng Adaptatioun "U-Carmen" huet sech op d'Oper vum Georges Bizet baséiert, a Südafrika gespillt, a krut bei der 55. Berlinale (2005) e "Goldener Bär".

Elo bréngen d'ASBL "Luxembourg Ballet" zesumme mam "Cube 521" an "opderschmelz", d'Stéck als Danzproduktioun op d'Bün. De Prozess huet scho viru gutt annerhallwem Joer ugefaangen. Dertëschent ass jo bekanntlech den Ukrain-Krich ausgebrach, wouduerch och e puer ukrainesch Balletsdänzer zu Lëtzebuerg gelant sinn. Véier vun hinne sinn elo och un dëser Produktioun bedeelegt, ënnert hinnen déi fréier Solistin vun der "Primmariinsky Danzkompanie", Kateryna Floria, déi d'Carmen danzt.

Natierlech ass schonn eleng d'Geschicht vu "Carmen" faszinant: eng Fra, déi hir Fräiheet, awer och hir Emotiounen a vollen Zich auslieft an am Endeffekt awer dofir mat hirem Liewe bezilt, an dann d'tragesch Tournure vun engem Mann sengem Liewen, dee sech komplett vu sengen Emotioune guidéiere léisst. Kuerz: en Drama wéi aus dem Billerbuch! Dobäi kënnt déi emouvant Musek vum Georges Bizet an, an dësem Fall, fantastesch Dänzer. Ma grad bei dëser Produktioun hunn ech d'Kombinatioun vu Lëtzebuerger an ukraineschen Dänzer vun Ufank un immens interessant fonnt. Hir Symbios op der Bün als Spectateur matzeerliewen, war schlussendlech awer de Grond, deen dës Adaptatioun vu "Carmen" fir mech vun enger gudder Produktioun zu engem "Coup de coeur" gemaach huet.