
Tramhaus aus Rotterdam / © Michèle Margot
De Freiden, den 3. Mäerz, stinn d'Rotonden am Zeeche vum Punkrock. Headliner sinn Tramhaus aus Rotterdam, ënnerstëtzt vun Office Of Weird.
Out of office
Psychedelesch Collagë mat Monstergesiichter, Krokodilskäpp an abstrakt architektonesch Elementer. D'Illustratioune vun den EPe vun Office of Weird (OOW) warnen de Public schonns vir: hei geet et anescht zou. "Mir si vläicht net déi beschte Band am Land, dofir awer eng vun den ausgefalensten", laacht den Onur, och Uno genannt, Drummer a Sänger vun OOW. Eng Uso, déi vun der Musek vum Trio confirméiert gëtt. Sief et an There Is No Order Here oder Non Compos Mentis, den Numm ass Programm.
Gemeinsam hunn d'Lidder virun allem d'Feier, dat se undreift. Dovunner ofgesinn, hu se all staark individuell Charakteristiken, e bëssen ewéi eng wëll zesummegewierfelt Wunngemeinschaft, wat och op d'Besatzung vun der Band zoutrëfft.
Auberge espagnole
Um Bass an och um Gesang fënnt een de Miguel. De Malteeser, deem säi Proufsall op der Insel net all ze wäit vun deem vun der Band GENN war, ass u sech Gittarist a bréngt Aflëss aus de Beräicher Delta Blues, Metal a Punk mat. Gittar spillt de Mitch, de Lëtzebuerger mat philippinnesche Wuerzele bréngt eng Leidenschaft fir Japanoise an e schwéiert an atmosphärescht Gittarspill mat, dat u Bands ewéi Ty Seagall erënnert.

Office Of Weird. Vu lénks no riets: Miguel, Mitch an Uno. / © OOW
Den Uno, deen aus der Tierkei staamt, setzt un den Drumms, och, wann dat esou net virgesi war: "Mir hunn einfach kee Batteur fonnt. An éier mer da guer keng Musek géinge spillen, hunn ech mech dru gesat", erënnert e sech. Eng Attitüd, déi och de kreative Prozess vun der Band spigelt, "fir d'éischt maachen, da kucken", sou d'Devise vum Trio.
Nächsten Halt: Tramhaus
Och beim Headliner Tramhaus aus Rotterdam fënnt een e grousst Moos u Flexibilitéit, wat d'Besatzung vun der Band ugeet. "Ech war a menger fréierer Band eigentlech Drummer", erënnert sech de Sänger Lukas, "d'Julia, eis Bassistin, hat virun eiser éischter Prouf nach kee Bass ugepaakt". Eng Fräiheet déi, fir et an de Wierder vum amerikaneschem Zeechner Bob Ross ze soen, zu glécklechen Accidenter gefouert huet.
"Eist Lidd Make it Happen sollt u sech vill méi schnell sinn. Mee dem Julia säi Spill ass éischter gemittlech, wouduerch d'Lidd esou ginn ass." Make it Happen, inspiréiert sech um Slogan vun der Staat Rotterdam a versteet sech als Satire. D'Inspiratioun fir d'Lidd koum vu Wielewaal, e multi-kulturellen Aarbechter Quartier an der hollännescher Hafestad, deem säi Bestoe wéinst dem Immobiliemarkt ongewëss ass.
Mee keng Angscht, Dänzer a Pogo-Fans komme bei der hollännescher Band op hir Käschten. Och wann Indie a Shoogaze de Sound vun Tramhaus prägen, et ass a bleift eng Punk Band. Oder, wéi d'Band an engem fréieren Interview behaapt huet: "Pop Musek mat Kaméidi am Hannergrond."

Tramhaus am Trapenhaus / © Michèle Margot
Iwwregens, den Numm vun der Band ass keen Ausdrock vun hirer Léift fir den ëffentlechen Transport, mee "den Numm vun engem Snack hei zu Rotterdam", kläert den Jim op. En duerchaus gudden Zoufall en vue vun hirem Concert an de Rotonden.
Office of Weird an Tramhaus spillen de Freiden, den 3. Mäerz, an de Rotonden.