Den Dréckerei-Musée luet op Porte Ouverte an a weit véier nei an interaktiv Szenographiesstatiounen an.

De Musée um Kulturhuef huet sech ganz der Imprimerie verschriwwen. D’Geschicht vun der Dréckerei, vum Gutenberg bis zum Computer, gëtt hei opgeschafft. Tëscht ale Bicher a Buschtawen, Tënt a grousse Maschinnen fënnt vun e Samschden un dann och véier fuschnei an interaktiv Statiounen.

Et kann e sech per Touchscreen mat den Imprimerie vu Lëtzebuerg an deem, wat se gedréckt hunn, vertraut maachen oder léieren, wat e Klischee ass a wou de Begrëff hierkënnt. Op enger anerer Statioun kann ee bal e bësse melancholesch an der Geschicht zeréckbliederen

Hei op dëser Statioun hu mer en Abléck an d'"eluxemburgensia". Hei gesäit een zum Beispill e Bléck an d’Archiven vun der BNL. Hei kann een Zäitschrëfte vu Lëtzebuerg duerchforsten. Hei kann een zeréckgoen an der Geschicht duerch déi leschten zwee Joerhonnerten, erkläert eis d'Célia Turmes, Médiatrice um Kulturhuef.

Op enger anerer Statioun gëtt en ale Beruff aus der Imprimerie nei opliewe gelooss, fiert d'Célia Turmes weider: Handsetzer war e Beruff, deen et haut leider net méi gëtt, wou d'Aarbechter déi eenzel Buschtawen hu misste setzen, fir ganz Sätz a Säite kënnen ze drécken. Hei kann all Visiteur sech als Handsetzer probéieren a verschidde Sätz setzen. Dat ganzt an engem bestëmmten Tempo, an da gesäit een op een e gudden Handsetzer gewiescht wier.

Am Musée gëtt awer net just ausgestallt, mä och geschafft. Scho laang halen Artisten de Patrimoine vu Gëschter mat néier Kreativitéit um Liewen. De Jean Reitz, Vizepresident am Comité Kulturhuef, gëtt eis Detailer, wat genee geschitt: Mer schwätzen elo net méi vu Kënschtlerresidenzen, mä vu "Kënschtler Associées", déi e ganzt Joer laang am Kulturhuef sinn. Déi maachen net nëmmen hir eege Projeten, mee och mat eis zesumme Projeten developpéieren an och de Workshoppen intervenéieren. D’Wierker déi d’Kënschtler, mat deenen ale Presse schafen, ginn am Musée an och doriwwer eraus ausgestallt. Op enger neier Kënschtlerpromenade kann een déi leschte Kreatiounen entdecken, seet eis d'Vanessa Biersbach vum Kulturhuef:

Dat ass, fir eis Kënschtlerresidenzen och ausserhalb vum Musée visibel ze maachen. Dat sinn 10 Panneauen, déi gi vun der Schwemm zu Gréiwemaacher bis bei d'Entrée vum Kulturhuef. Do gesäit een dann d'Biller aus der leschter Kënschtlerresidenz, an dësem Fall mam Néckel Scholtus.

Dëse Weekend ginn déi néi Innovatiounen op der Porte Ouverte vum Kulturhuef mat groussem Programm ageweit. Eng Rei Atelieren a Workshops ginn ugebueden an et gëtt och eng Visite guidée op där de  Kënschtler Néckel Scholtus op der Promenade weider Erklärungen zu senge Wierker gëtt.

D'Porte Ouverte ass den 18. an 19. Mäerz. Hei geet et op d'Säit vum Musée.