Avant-goût vum LiteraTour 2023

Dräi Bicher, dräi Länner an dräi Kritiker.
Am Kader vum LiteraTour vun der Gemeng Beetebuerg kann een den 22. Mäerz am KulTourhaus zu Hunchereng bei dräi Buchkriticken dobäi sinn. De Literaturkritiker Jérôme Jaminet, de bekannten däitschen Iwwersetzer, Journalist a Kritiker Denis Scheck an déi éisträichesch Germanistin, Journalistin a Literaturkritikerin Brigitte Schwens-Harrant, diskutéieren iwwert dräi nei Bicher aus Däitschland, Éisträich a Lëtzebuerg.
De Jérôme Jaminet proposéiert d'Buch vum Bernd Marcel Gonners. E Gedichtband mam Titel "Großes Rasenstück".

© KILLROY media Verlag
Den Denis Scheck schwätzt iwwert der Julia Schochs hire Roman "Das Liebespaar des Jahrhunderts".

© dtv
An d'Brigitte Schwens-Harrant diskutéiert iwwert der Karin Peschkas hire Roman "Dschomba".

© Otto Müller Verlag
"LiteraturHoch3 - Drei Bücher. Drei Länder. Drei Kritiker:innen" kann een den 22. Mäerz um 19:30 am KulTourhaus zu Hunchereng lauschtere goen.