De Jean-Guillaume Weiss an d'Elisabeth Schilling deele sech vum 23. bis den 25. Mäerz eng Bün an eng Danztrupp am Groussen Theater.

Et ass eng Reprise vum 2019 priméierte Stéck "Seasons" fir de Jean-Guillaume Weiss an eng Neikreatioun "Florescence in Decay" fir d'Elisabeth Schilling. Zwou Kreatiounen, zwou Choreographien, mee eng eenzeg Trupp. Esou ee Format nennt sech Double Bill an ass an der Danzwelt méi üblech ewéi ee mengt.

Begleet ginn d'Dänzer an Dänzerinne vum Orchestre de Chambre de Luxembourg. Eng Live-Situatioun, déi den eemolege Charakter vun der Opféierung verstäerken.

Déi zwou Kreatioune si vum Donneschdeg 23. bis de Samschden 25. Mäerz am Groussen Theater an der Stad ze gesinn.