Nodeems d'Lena säi Concert um Echterlive ofgesot huet, steet elo den neie Programm fir de Samschdeg.

Déi däitsch Sängerin Lena huet hire Concert um Echterlive kuerzfristeg aus gesondheetleche Grënn missen ofsoen. Elo hunn d'Organisateuren den neie Programm fir de Samschdeg annoncéiert. Headliner ass déi däitsch Pop-Musekerin Wilhelmine. Scho mat 11 Joer huet si mat der Musek ugefaangen. Hir éischt offiziell Single "Meine Liebe", déi 2019 erauskomm ass, mécht si hire Coming Out zum Thema.

Hiren Duerchbroch hat d'Wilhelmine dann 2022 mat der Single "Eins sein" an hirem Debutalbum "Wind". Iwwer 300.000 Leit lauschteren dem Wilhelmine seng Musek an der Moyenne pro Mount op Spotify. D'Musekerin huet elo hiren Album "Meere" verëffentlecht. D'Wilhelmine huet en Talent, fir emotional Texter mat grousse Refrainen ze schreiwen. Wat si mat hirer Musek erreeche wëll ass, Messagen an hire Lidder ënnerzebréngen, kombinéiert mat akustesche Beats an organesche Pop-Sounds.

RTL

© Emerine Samuel

Um Programm vum 27. Juli stinn dann elo och zwee weider Lëtzebuerger Museker. De Multiinstrumentalist KLEIN an de villsäitege Performer EDSUN. D'Organisateuren hunn dann och decidéiert, fir dësen Dag keng Entrée ze froen, sou datt een de Samschden dem neie Line-up gratis ka kucke goen.

RTL

© Martine Pinnel

De Programm vun de Sonndeg bleift dee selwechten, bei der Deluxe Night sti just Lëtzebuerger Acts um Programm, dorënner och déi dräi LSC-Finaliste Krick, Joel Marques an Tali, déi zesumme wäerten optrieden. D'Irem, den Don Piano, den Alberto Caicedo an de Maale Gars sinn och fir deen Owend virgesinn. An och de Sonndeg ass den Entrée gratis.

Um Freideg den Owend ass den Optakt vum Echterlive mam bekannten däitsche Museker Wincent Weiss, dee Concert ass allerdéngs ausverkaaft.