Den DJ Bisi huet an deene leschte Joren a ronn 25 Länner weltwäit opgeluecht.

Viru Kuerzem ass hie vu senger rezenter 3 Woche laanger Asien-Tour zeréckkomm. "Ech hunn am Fong a Marokko ugefaangen an hunn do zu Marrakesch gespillt. Du sinn ech fir een Dag heemkomm, éier et du richteg lassgaangen ass", sou de Yannick. "Dunn ass et weidergaangen: Dubai, Kambodja, Phuket, Tokyo a Singapur an du sinn ech den Dag drop iwwer Bangkok rëm heemkomm."

RTL

© Bisi

Dat war effektiv awer och net fir d'éischt, dass de Yannick fir méi laang Zäit am Ausland fir d'DJe gereest ass. "Ech hat virun der Pandemie dat och schonn e puer Mol sou gemaach, well ech ee sinn, deen immens gäre reest an déi Kombinatioun aus schaffen a reesen huet mir relativ gutt gefall. Du gesäis lauter nei Plazen a léiers mega cool Leit kennen, an dat huet mir am Fong gefeelt an deenen dräi Joer (Pandemie). Dofir war dës Tournée elo den optimalen Ausgläich."

Seng Léift fir d'Mëschpult huet de Bisi viru Joren entdeckt, deemools duerch de Basketclub, an deem d'amerikanesch Spiller him HipHop méi no bruecht hunn. Am November 2013 huet hie sech dunn déi éischt Kéier hannert dem Mëschpult installéiert. Deen "urbane" Stil ass zanterhier mat him bliwwen an huet et him och erlaabt, Support Act fir gréisser Rapper, ewéi de Chris Brown, Kay One oder Booba, ze sinn.

DJ Serie - DJ Bisi

No sengem Ingenieur-Studium zu Köln huet de Bisi fir d'éischt Kéier ugefaangen, vollzäit opzeleeën... wier do net d'Pandemie gewiescht. Elo ass hien erëm haaptberufflech als DJ ënnerwee a leet souwuel reegelméisseg am Ausland op, ewéi och hie zu Lëtzebuerg. Hei ass hien och, ënner anerem, Resident-DJ am Gotham aktiv, an organiséiert seng eegen HipHop-Soirée: "Ivy".

RTL

© Bisi

Méi Informatiounen an aktuell Datumer fënnt een op senge soziale Medien.