Leipziger Buchmesse 2023
Ronn 274.000 Bicher-Enthusiasten hunn un der zweetgréisster Bicherfoire an Däitschland deelgeholl.
Iwwer 2.000 Aussteller aus 40 verschiddene Länner ware vertrueden, dorënner och 6 Lëtzebuerger Editiounshaiser, déi fir d'éischt Kéier, zesumme mat KulturLX, e Kollektivstand op der Foire haten. Mat dobäi ware Black Fountain Press, Capybarabooks, Éditions Guy Binsfeld, Hydre Editions, Kremart Edition a Point Nemo Publishing.
Nieft dem Bicherstand gouf e Samschden den Owend och eng Liesung mam Samuel Hamen, Maxime Weber, Claire Schmartz an Nico Helminger (aka Tomas Bjørnstad) am soziokulturellen Zentrum "Die naTo" ofgehalen. Thema vum Owend war "Was wäre wenn...? Zwischen Fiktion und Spekulation". Moderéiert gouf dat Ganzt vum Thomas Hummitzsch.

© Valeria Wiwinius
Donieft war de Lëtzebuerger Auteur Jeff Schinker mat sengem Roman "Ma vie sous les tentes" fir den "European Union Prize for Literature" nominéiert. De Präis ass schlussendlech zwar un d'Martina Vidaić gaangen, trotzdeem hätt d'Nominatioun eleng d'Lëtzebuerger Literatur e Stéck méi present um internationale Plang gemaach.

© Valeria Wiwinius
Dem offizielle Communiqué vun der Leipziger Buchmesse no hätten eng 274.000 Leit un dëser Editioun vun der renomméierter Bicher-Foire deelgeholl. D'nächst Joer fält de Rendez-vous op den 21. bis 24. Mäerz, wat sech mat der Bréisseler Buchmesse iwwerschneit. Deemno ass elo nach net gewosst, ob a wou Lëtzebuerg fir déi nächst Editioun e Stand huet. Den definitive Bilan géif no der Foire zesumme mat den Editeuren an Auteure gezu ginn. An engem éischten Ament wier den Echo awer positiv, esou d'Valérie Quilez, international Direktesch vu KulturLX.

© Valeria Wiwinius