Janus – esou heescht déi nei Produktioun am Kasemattentheater. En Theaterstéck, dat vun der Lëtzebuerger Schauspillerin Anouk Wagener geschriwwe ginn ass.

Fir si ass et déi éischte Kéier, datt si also net op der Bün steet, ma de kreative Kapp hannert dem Stéck ass. An Janus steet fir d’Géigesätz an dat a ganz vill verschidde Facetten. An der Mythologie steet de réimesche Gott Janus fir den Ufank a fir de Schluss. De Januskapp bedeit zwee Käpp di an di entgéintgesate Richtung kucken a stinn ënner anerem och symbolesch fir een, deen an d’Vergaangenheet an een deen an d’Zukunft kuckt. Janus steet also fir Dualitéit an d’Géigesätz. Op der Bün vum Kasemattentheater spillen de Pitt Simon an d’Catherine Janke an alle béid duerchbuere si an hire Rollen hir eege Welten an hir Bezéiung zoueneen.

D’Schrëftstellerin Anouk Wagener:

«Wéi Janus et och ausseet, geet et ëm de Kampf an ëm d’Zerissenheet mat sech selwer an deem aneren. De Janus ass di ganzen Zäit present. Et gëtt Norden a Süden, waarm a kal. Et gi Krater vun der Séil an et ginn awer och di schéi Momenter, wou d’Séil probéiert ze fléien.»

Theaterstéck spillt mat de Fragmenter an engem splitterhafte Bünebild, dat sech beweege léisst. En Outil, deen d’Emotioune vum Text ënnersträicht.

De Regisseur Kay Wuschek:

«Et gi souwuel komesch, wéi och déif tragesch Momenter a wat léisst dat un Emotiounen an engem aus. A wéi kann ech di Emotiounen theatralesch iwwersetzen, wat mécht dat mat mengem Kierper a mam Ëmgang mam Bünebild. U wie riichten ech elo dat, wat ech erziele wëll?»

Dem Anouk Wagener war et virun allem wichteg, eng Poesie an der Sprooch ze hunn. Ma Janus war awer net vun Ufank un als Theaterstéck geduecht.

Anouk Wagener:

«Ech hu viru Joren ugefaangen, drun ze schreiwen an hunn ëmmer erëm dru geschafft a bemol gëtt dat zu engem Theaterstéck mat zwee Schauspiller, engem Bünebild, zwee Regisseuren, déi sech domat ausernee gesat hunn a bemol gëtt dat lieweg an dat ass immens schéin.»

Vum 19. bis den 23. Mee kann ee Janus nach an de Kasemattentheater zu Bouneweg kucke goen.