
De Vol “LG3837" vun der Luxair, deen e Sonndeg ënnerwee op Madrid war, huet missen Demi-tour maachen. Dat deelt déi national Fluchgesellschaft an engem Schreiwes mat. Wéi et an dësem heescht, hätt sech wärend dem Fluch eng technesch Warnung ugewisen, déi ee vun de Motore vum Fliger betraff hätt. Et hätt sech deemno ëm eng Virsiichtsmoossnam gehandelt.
D’Passagéier wiere wärend dem Fluch vum Pilot an der Crew doriwwer informéiert ginn, dass ee géif ëmdréinen. D’Boeing wier schliisslech sécher um Findel gelant.
Déi concernéiert Passagéier sollen elo op aner Flich ëmgebucht ginn.