Orban gratuléiert WalgewënnerTisza-Partei vum Péter Magyar ka sech Zwee-Drëttel-Majoritéit sécheren

AFP, iwwersat vun RTL
Tim Morizet
Schonn nodeem d'Hallschent vun de Stëmmen um fréie Sonndeg den Owend ausgezielt waren, huet sech eng däitlech Majoritéit fir d'Oppositiounspartei ugedeit.
Rekord-Bedeelegung bei de Parlamentswalen an Ungarn
Bis 13 Auer e Sonndeg hate scho 54 Prozent vun de Walberechtegten hir Stëmm ofginn, um Enn waren et 79,50 Prozent.

Géint 21.20 Auer e Sonndegowend huet dann och de Viktor Orban seng Defaite bei den ungaresche Legislativen agesinn. Wéi säi Konkurrent Péter Magyar matgedeelt huet, hätt en Orban him ugeruff an zu senger Victoire gratuléiert.

Tisza kritt Zwee-Drëttel-Majoritéit

Nodeem no Mëtternuecht 98,15 Prozent vun de Stëmmen ausgezielt waren, ass d'Victoire vum Péter Magyar nach méi kloer ginn: Hien a seng Partei Tisza konnte sech eng Zwee-Drëttel-Majoritéit am Parlament sécheren: Si kréien 138 vun den 199 Sëtz. Am ganze kënnt d'Tisza op 53,6 Prozent vun all de Stëmmen, wärend de Victor Orban an d'Fidez ronn 37,9 Prozent fir sech verbuche kënnen. Dëst bedeit fir den nach Regierungschef, datt hien a seng Partei an Zukunft 55 Sëtz am Parlament wäerten hunn.

Duerch dëst d'Resultat wäert d'Tisza genuch Spillraum hunn, fir wichteg Ännerunge vun de Gesetzer duerchsetzen a fir hir Politik kënnen ëmzesetzen.

Prognosen haten Oppositiounsvictoire virausgesot

Am Virfeld vun de Walen e Sonndeg louch dem Viktor Orban seng rietsnationalistesch Fidez-Partei an den Ëmfroen däitlech hannert der Partei "Tisza" vum konservativen Oppositiounspolitiker Péter Magyar. Wéi den Nach-Regierungschef e Sonndeg seng Stëmm ofginn huet, huet hien nach eng Kéier gewarnt, dass Ungarn seng Onofhängegkeet net dierft un d'EU verléieren. De Magyar huet sengersäits en Enn vun der Korruptioun a vun der schlechter ekonomescher Situatioun versprach.

Wärend de Viktor Orban bei ville Sujeten - notamment der Ënnerstëtzung fir d'Ukrain - als Aussesäiter an der EU gëllt, huet de Magyar annoncéiert, Ungarn am Fall vun enger Victoire nees op e méi pro-europäesche Wee ze bréngen.

Rekord bei der Walbedeelegung

Bis 17 Auer e Sonndeg hate ronn 75 Prozent vun de walberechtegten Ungaren an Ungarinnen hir Stëmm ofginn, um 18.30 Auer - eng hallef Stonn éier d'Wallokaler zougemaach hunn - gouf dann eng Walbedeelegung vu 77,8 Prozent ermëttelt, wat en neie Rekord war. De viregte Rekord aus dem Joer 2002, hätt der nationaler Walkommissioun no bei 70,5 Prozent geleeën. Reporter vun der Noriichtenagence AFP haten am fréien Nomëtteg gemellt, dass sech virun de Wallokaler Waardeschlaange forméiert hätten. Nodeem all d'Walbüroen zou waren, huet d'Walkommissioun matgedeelt, datt 79,5 Prozent vun de Walberechtegten an Ungarn hir Stëmm ofginn hunn.

7,5 Millioune Bierger an Ungarn selwer a 500.000 Ungaren aus dem Ausland hunn dierfe bei dëse Walen vun hirem aktive Walrecht Gebrauch maachen.

Héich Walbedeelegung bei de Walen an Ungarn
An Ungarn kéint e Sonndeg no 16 Joer d'Enn vum Viktor Orban senger Zäit als Regierungschef komm sinn.

Walresultat kéint international Auswierkungen hunn

Mam Orban net méi un der Spëtzt vum Land, kéint sech och d'Aussepolitik vun Ungarn staark veränneren. Esouwuel de russesche President Putin wéi och den amerikanesche President Trump verléieren domadder e wichtegen Alliéierten an Europa an an der EU. Den Orban an domadder Ungarn hu jo an de leschte Jore vill europäesch Decisiounen, wat ënner anerem de Krich an der Ukrain an Sanktioune géint Russland betraff hunn, blockéiert.

Vun den internationale Leader koumen dann och schonn déi éischt Reaktiounen a Gléckwënsch. Eis Nopeschlänner Däitschland a Frankräich hunn dem zukünftege Regierungschef vun Ungarn gratuléiert an him eng gutt Zesummenaarbecht fir e "staarkt Europa" ugebueden. Änlech huet dat och d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen gesinn, déi him gratuléiert huet an dëst Resultat kloer gedeit huet: "Ungarn huet sech fir Europa decidéiert".

Och aus der Ukrain koum en däitleche Message. De President Wolodymyr Selenskyj weist sech prett, fir an Zukunft konstruktiv mam Noper Ungarn zesummenzeschaffen a fir "Stabilitéit a Sécherheet an Europa ze suergen". Änlech Téin wéi aus de genannte Länner koum vun de verschiddensten europäesche Leader. Aus den USA oder Russland gouf et bis ewell nach keng direkt Reaktioun.

Back to Top
CIM LOGO