
Dës si jo ouni en Accord iwwer e Fridden oder eng weider Wafferou op en Enn gaangen.
Dem US-President no wier notamment beim wichtegste Punkt, nämlech der Reouverture vum Passage vun Hormus keng Eenegung erreecht ginn. Dowéinst géif d’US-Navy elo direkt e Blockage vum Passage vun Hormus an d’Weeër leeden. Et géif een all Schëff, dat an internationale Gewässer ënnerwee wier, an dat d’Tax, déi den den Iran fir de Passage duerch d’Mierenkt verlaangt, bezuelt hätt, offänken. Et géif een iwwerdeems alleguer d’Séi-Minnen, déi den Iran an der Strooss placéiert hätt zerstéieren. D’USA géife sech net erpresse loossen, sou den Trump.