Ausstellungen, e Shop, eng Galerie a Coursë fir KonschtintresséierterLofy's Place an der Tilleschgaass

Monique Kater
De Wil Lofy bleift och no sengem Dout en Deel vum Stater Gronn, d’nächst Woch mécht Lofy’s Place an der Tilleschgaass seng Dieren op.
Lofy's Place an der Tilleschgaass
De Wil Lofy bleift och no sengem Dout en Deel vum Stater Gronn, d’nächst Woch mécht Lofy’s Place an der Tilleschgaass seng Dieren op.

“Lofy’s Place” nennt sech eng Asbl, déi engersäits d’Wierker vum Wil Lofy wëll weisen, ma aus dem Sculpteur sengem fréieren Doheem an der Tilleschgaass am Gronn, soll och eng eng Plaz gi fir déi, déi selwer am Beräich vun der Konscht wëlle schaffen. Den Escher ass 2021 gestuerwen; seng Aarbechten a seng Perséinlechkeet sollen awer net nëmmen duerch seng Skulpturen, mee och duerch “Lofy’s Place”, weider liewen.

Dass sech hannert dëse Maueren respektiv dëser Paart eng speziell Adress mat engem spezielle Resident géint verstoppen, wousst esou zimmlech jiddereen, dee sech fir de Wil Lofy a seng Konscht intresséiert huet. Nom Sculpteur sengem Doud gouf et méi roueg ëm dëse Bannenhaff an den Atelier, an deem de Will Lofy gelieft a geschafft huet, mee zënter 2024 ass dat amgaangen, sech komplett ze änneren.

Ausstellungen, e Shop, eng Galerie, mee virun allem soll een hei kënnen a Coursë goen, Stil Summerakademie, seet d’Isabelle Kieffer, vun der Asbl “Lofy’s Place”.

Dem Wil Lofy seng Aarbechten erkennt een op den éischte Bléck, se stinn op méi Plazen am Land. D’Tanya Lofy ass '’Duechter an d’Presidentin vun der Asbl. Si wëll spéider hei am Gronn och Wierker weisen, déi d’Ëffentlechkeet NET kennt. D’Parzell an der Tilleschgaass gehéiert haut dem Fonds du Logement, deen der Duechter net erlaabt do ze wunnen, mee kommerziell Aktivitéite wiere méiglech.

“Am Kontrakt mat mengem Papp steet, dass ech 18 Joer op dëser Plaz ka bleiwen, mat der Méiglechkeet, ëm 9 Joer ze verlängeren. Jo, ech wier frou, wa si e Stéck méi involvéiert wieren, d’Kommunikatioun mam Fong ass heiansdo schwiereg”, erkläert d’Tanya Lofy.

De 16., also nächst Woch lafen déi éischt Coursen un. Subventioune krute si aus dem Kulturministère, mee hei geet et eigentlech just, well Leit benevole eng Hand mat upaken, fir dem Lofy säi Vermiechtnes weider liewen ze loossen.

Extrem verreckt, pittoresk, eenzegaarteg, e groussen Artiste – sou beschreiwen déi, déi hie besser kannt hunn, de Wil Lofy. Zesumme mat senger Duechter hätt hie wëllen eng Galerie a sengem Doheem opmaachen. Dozou koum et net méi, mee vläicht, sou eng Iddi vun der Asbl, kéint d’Kultur oder d’Gemeng d’Plaz iwwerhuelen, mat hinnen als déi, déi Lofy’s Place mat Liewe fëllen. D’nächst Woch geet den éischten Deel vum Projet op; déi offiziell Ouverture vum ganze Site ass fir Juni programméiert.

Back to Top
CIM LOGO