Futtball-Championnat: BGL LigueVictoirë fir Déifferdeng an Diddeleng, Succès fir Péiteng am Kellerduell

Ted Koob
Munneref spillt géint d'Jeunesse gläich a fält op déi 5. Plaz zréck. Rouspert feiert donieft e wichtegen Erfolleg géint Kanech.
© Val Wagner

Um Sonndeg gouf de 24. Spilldag am nationale Futtball-Championnat bei den Häre gespillt.

Diddeleng konnt sech mat 3:1 géint Hueschtert behaapten. Et war an der 1. Hallschent eng equilibréiert Partie, d’Gäscht konnte géint de Favorit gutt mathalen. An de leschte Minutte virun der Paus gouf Diddeleng awer méi staark. Fir d’éischt huet den Agostinho eng gutt Chance net am Filet ënnerbruecht. Kuerz drop huet de Rotundo et besser gemaach a fir den 1:0 gesuergt. Nom Säitewiessel war den F91 weiderhi besser, den nächste Gol sollt awer fir Hueschtert falen. De Pianelli hat de Ball an den eegene Gol gedréckt. D’Reaktioun vun Diddeleng huet awer net laang op sech waarde gelooss a 6 Minutte méi spéit huet de Stumpf den 2:1 markéiert. An der Nospillzäit konnt de Muratovic mam 3. Gol alles kloer maachen.

De Leader Déifferdeng hat zu Hesper keng Problemer an huet sech 5:1 duerchgesat. Schonns no 45 Minutte stoung et no Goler vu Mfoumou (2x), Hadji a Franzoni 4:0 fir d’Gäscht. D’Heemekipp konnt no der Paus den Éieregol duerch de Bochu markéieren. De Buch huet an der 80. Minutt nach op 5:1 erhéicht. Nom Remis vu Munneref ass Diddeleng elo neien Tabellenzweete mat 2 Punkte Retard op Déifferdeng.

Ënnen of huet Péiteng 1:0 zu Rodange gewonnen. Den entscheedende Gol huet de Martins an der 65. Minutt markéiert. Den Ofstand op eng Relegatiounsplaz konnt nom Succès op 4 Punkte verkierzt ginn.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

F91 - Hueschtert 3:1
1:0 Rotundo (40'), 1:1 Pianelli (70', Selbstgol), 2:1 Stumpf (76'), 3:1 Muratovic (90+4')

Munneref - Jeunesse 1:1
0:1 Deher (45', Selbstgoal), 1:1 Matias (53')

Hesper - Déifferdeng 1:5
0:1 Mfoumou (9'), 0:2 Hadji (24'), 0:3 Mfoumou (29'), 0:4 Franzoni (43'), 1:4 Bochu (53'), 1:5 Buch (80')

Rouspert - Kanech 2:1
1:0 Brkljaca (39'), 2:0 Jusic (65'), 2:1 Rouffignac (80')

Rodange - Péiteng 0:1
0:1 Martins (65')

Stroossen - Racing 1:0
1:0 Zenadji (49')

Käerjeng - Biissen 1:2
1:0 Klein (9'), 1:1 Ferber (47'), 1:2 Ferber (56')

Progrès - Mamer (18:30 Auer)


Den Iwwerbléck vun de Resultater

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO