Fir e Rekordpräis vun ëmgerechent 35 Milliounen Euro ass eng iwwer 1.000 Joer al Hebräesch Bibel versteet ginn.

De sougenannte Codex Sassoon aus dem spéiden néngten oder fréien zéngte Joerhonnert no Christus huet e Präis vun 38,1 Milliounen Dollar erziilt, sou d'Auktiounshaus Sotheby's e Mëttwoch zu New York.

Et handelt sech domat ëm dat deierst handschrëftlecht Wierk, dat jeemools ënnert den Hummer koum.

Gesteet huet déi aussergewéinlech gutt erhale Bibel, nodeems sech véier Minutte laang iwwerbuede gouf, de fréieren US-Diplomat Alfred Moses am Optrag vun enger US-Netregierungsorganisatioun. D'Organisatioun wëll d'Wierk dem Musée vum jiddesche Vollek zu Tel Aviv schenken.

"D'Hebräesch Bibel ass dat aflossräichst Buch an der Geschicht a stellt de Grondpilier vun der westlecher Zvilisatioun duer", sou de Moses, "ech freeë mech, ze wëssen, dass et dem jiddesche Vollek gehéiert."