Éischten ëffentlechen Optrëtt vum Salman Rushdie no Messerattack

© TIMOTHY A. CLARY / AFP
De bekannten Auteur Salman Rushdie war bei engem Optrëtt zu Chautauqua am US-Bundesstaat New York am August zejoert mat engem Messer ugegraff ginn.
Zanterdeem ass hien op engem A blann.
En Donneschdeg den Owend ass hie fir d'éischte Kéier zanter der Attack nees ëffentlech opgetrueden. Dat op enger Gala vum internationale Schrëftsteller-Verband "PEN" zu New York.
Hei gouf hie mat engem Éierepräis ausgezeechent. De brittesch-Indeschen Auteur huet dann och eng Ried gehalen, an där hien ënnerstrach huet, dass d'Leit sech net sollte vum Terrorismus aschüchtere loossen.
Den Auteur vun der Attack, zu där et am Summer zejoert op engem Kongress zu Chautauqua am US-Bundesstaat New York komm war, war en US-Bierger mat libaneeseschen Originnen. Leit, déi um Kongress waren, konnten dësen deemools iwwerwältegen. De Rushdie huet hinnen a senger Ried Merci gesot. Ouni si géif hien net méi liewen, sou den Auteur.