D'Queen of Rock'n'Roll ass dout an d'Musekswelt am Schock. D'Tina Turner war eng vun den erfollegräichste Sängerinnen an der Geschicht.

Mat hirer eenzegaarteger Stëmm, hirer aussergewéinlecher Frisur, hirem Elan, den ausgefalene Kostümer, den Danzshowen an High Heels an hirer enormer Energie huet d'Tina Turner e Milliounepublikum begeeschtert. Dat war besonnesch an den 80er an 90er Joren. Hits wéi "The Best", "What's Love Got To Do With It?" oder nach "Private Dancer" kënnen déi meescht vun eis matsangen.

Elo ass d'Tina Turner, de 24. Mee, gestuerwen.

Nodeems 2009 hir lescht Tournée war, bei där si der Musekswelt an hire Fans offiziell Äddi gesot huet, huet si sech am Alter vu 70 Joer an d'Privatliewen zeréckgezunn. Vu do un huet een d'Sängerin just nach seelen an der Ëffentlechkeet gesinn a si huet bis zu hirem Doud mat hirem 16 Joer méi jonke Partner, dem Däitschen Erwin Bach, an hirer Walheemecht, der Schwäiz gelieft.

RTL

© AFP

Wie war d'Rock-Ikon?

De 26. November 1939 ass d'Anna Mae Bullock als dat Jéngst vun zwou Duechteren zu Brownsville, Tennessee op d'Welt komm, an engem Raum am Souterrain vum Hollywood Memorial Hospital, deen ageriicht gi war zur Rassentrennung vun Afroamerikaner.

Hir éischt musikalesch Erfarung huet si als Kand an engem Kierchechouer gesammelt, do wou si opgewuess ass. Hir Elteren Zelma Currie an Floyd Richard Bullock hu sech no enger schwiereger Zäit getrennt an am Alter vun zwee Joer huet d'Tina Turner misse bei hirer Groussmamm liewen - bis 1955, dat Joer ass si bei hir Mamm an hir eeler Schwëster geplënnert.

1958 huet dat jonkt Gesangstalent den Ike Turner mat senger Band Kings of Rhythm kenne geléiert a gouf Backgroundsängerin. 1960 hu si zesummen d'Lidd "A Fool in Love" opgeholl, wou si kuerzfristeg als Solosängerin huet missen asprangen. Deen Titel hat et am August 1960 op Plaz 27 an den US-Charts gepackt.

Ike & Tina Turner

Aus kommerzielle Grënn ass de Kënschtlernumm Tina entstanen an d'Band "Ike & Tina Turner" war gebuer. Aus dem Ike an dem Tina ass eng Libesbezéiung ginn an d'Koppel ass zesummen on Tour gaangen. Fir d'éischt an den USA, spéider och an Europa an Australien. 1962 hu si sech am mexikaneschen Tijuana bestuet.

D'Koppel war jorelaang erfollegräich a finanziell gutt drun. Si si mat de Rolling Stone als Virgrupp op Tournée gaangen. 1972 huet den Gesangsduo souguer e Grammy an der Kategorie "Best R&B Performance by a Duo or Group with Vocal" fir hir Versioun vum Lidd "Proud Mary" gewonnen.

D'Lidd "Nutbush City Limits" aus dem Joer 1973, deen d'Tina Turner selwer geschriwwen hat, koum op Plaz 2 an den däitsche Singlecharts an ass do 26 Woche laang bliwwen.

Mam musikalesche Succès koumen dunn och privat Problemer. Den Ike an d'Tina Turner hate kee schéint Bestietnes. Haislech Gewalt stoung un der Dagesuerdnung, zum Deel och wéinst Alkohol- an Drogekonsum duerch den Ike. 1976 huet d'Sängerin dunn hire Mann verlooss an d'Scheedung ugefrot. All d'Scholde wéi och d'Responsabilitéit vu verpasste Concerten huet si eleng iwwerholl. D'Tina Turner huet just hiren Numm, d'Lizenz fir déi eege Lidder, zwee Autoen, Pelzer a Bijouen gehalen.

Solokarriär

Et war e schwéiere Start. Un de Succès vun der Band konnt si net direkt uknäppen. Concerte ware wéineg besicht an och den Album "Rough", deen 1978 rauskoum, huet sech nëmme schlecht verkaf. Genee wéi den Album "Love Explosion".

Mat hirer energescher Aart, dee sech am Büneprogramm gewisen huet, besonnesch op den "Nice-'n'-Rough"-Concerten an de fréien 80er, ass et nees biergop gaangen. Ënnerstëtzt gouf si vun hirem neie Manager Roger Davies, dee sech zum Zil gesat hat, d'Tina Turner grouss rauszebréngen. Mat Succès. Aner Museker goufen op d'Rock-Sängerin opmierksam an et koume Gaaschtoptrëtter beim Tom Jones, Rod Stewart an David Bowie. An och nees de Rolling Stones.

De Solo-Duerchbroch war gelongen an et koum ee musikaleschen Highlight nom aneren. Den Album "Private Dancer" aus dem Joer 1984 mat der doraus éischter Single "What's Love Got To Do With It?" koum op Plaz 1 an de Billboard-Charts. 1985 gouf et an deem Kader dunn och dräi Grammys, fir de beschte Gesang, beschte Plack a bescht weiblech Rockperformance.

An deem Joer huet d'Tina Turner och d'Roll vun der Aunty Entity am Film "Mad Max" gespillt, och nees e Succès. Een Erfolleg huet deen nächste gejot an dat jorelaang. Mat hirem Concert 1988 am Maracanã-Stadion zu Rio de Janeiro virun 188.000 Fans huet si et souguer an d'Guinness-Buch vun de Rekorde als Solokënschtlerin mam gréisste Concertsoptrëtt iwwerhaapt gepackt.

Am Joer 1992 koum de biographesche Film "Tina - What's Love Got To Do With It?" eraus, passend zum Album mam entspriechende Soundtrack. Nieft neie Lidder goufen do och al Lidder aus der Zäit vun "Ike & Tina Turner" nees opgegraff. 1993 goung et nees op Tournée an den USA, an Europa waren et deen Ament just 6 Optrëtt.

Déi musikalesch Karriär huet sech vun do u wéi e Lastik gezunn: Concerten, Tournéeën, Optrëtt lénks a riets, Grammys... An dat bis an en Alter, deen een hir absolut net ugesinn huet. Mam 90. Optrëtt vun der Tour am Joer 2009 zu Sheffield huet d'Tina Turner am Mee am Alter vun 69 Joer op d'mannst emol hirer Bünekarriär de Réck gedréint. Vun do u gouf et zwar méi roueg, ma och méi spirituell. Dat selwecht Joer koum den Album "Beyond" eraus, un deem si mat hirer Yoga-Léierin, Musekstherapeutin a Mantra-Sängerin Dechen Shak-Dahgsay zesummegeschafft hat. Am Oktober 2011 koum den un deen ugehauchten Album "Children Beyond" eraus.

2021 gouf si an d'"Rock'n'Roll Hall of Fame" opgeholl an hat do nach gegeckst:

"Wa se mir mat 81 Joer nach ëmmer Auszeechnunge ginn, muss ech iergendeppes richteg gemaach hunn."

Privatliewen

D'Tina Turner huet zwee eege Kanner an zwee adoptéiert. De Craig († 2018 duerch Selbstmord) huet aus enger Affär mam Saxophonist Raymond Hill gestaamt. De Ronald "Ronnie" Renelle (1960-2022) war dat eenzegt Kand aus dem Bestietnes mam Ike Turner. Den Ike Jr. an de Michael stamen aus der Bezéiung vum Ike mam Lorraine Taylor a gouf vun der Ex-Fra, also dem Tina Turner, adoptéiert.

Zanter 1986 war d'Sängerin mam däitsche Musekmanager Erwin Bach liéiert. D'Koppel huet am Ufank zu Köln gewinnt, vun 1994 u fest an der Schwäiz. Nach virun der Hochzäit 2013 koum och d'Schwäizer Abiergerung. Steierlech Grënn goufen do deemools genannt, well d'USA d'Reegelen zur Besteierung vun Amerikaner verschäerft hat, déi am Ausland liewen.

Mat der Verëffentlechung vun hirer zweeter Autobiographie "My Love Story" koum dunn och un d'Liicht, dass et gesondheetlech net esou gutt ëm si stoung. Wat bis dohi kee wousst, 2013 hat d'Tina Turner en Hiereschlag. 2016 war et Daarmkriibs an 2017 koum nach e schwéieren Niereproblem dobäi, dee si iwwerlieft huet, well hire Mann eng Nier gespent hat. Si hat sech am Ufank fir en homeopathescht Traitement decidéiert. D'Tina Turner war Supporterin vun der neier reliéiser Beweegung "Sōka Gakkai International".

Iwwer d'Doudesursaach, de 24. Mee 2023 no laanger Krankheet an hirem Haus zu Küsnacht, gëtt spekuléiert. Et heescht si wier u Kriibs gestuerwen. Iwwert d'Begriefnes ass de Moment just bekannt, dass si am private Krees op engem buddhistesche Kierfecht an hirer Walheemecht Küsnacht soll bäigesat ginn.

Tina Turner zu Lëtzebuerg

Mat 56 Joer stoung d'Rock-Legend de 4. September 1996 zu Lëtzebuerg an engem méi wéi ausverkaafte Stade Josy Barthel op der Bün. Vun iwwerall, och wäit iwwert d'Grenzen ewech, sinn d'Fans an d'Stad gestréimt. Ënnert de Spectateure waren och den deemolegen Ierfgroussherzog Henri a seng Fra Maria Teresa zesumme mam Prënz Guillaume an der Prinzessin Sibilla.

An engem Paillette-Rack ass et deemools lassgaange mam Hit "Whatever You Want Me To Do". D'Fans konnte souwuel zu neie Lidder wéi och Klassiker matsangen. Et gouf e rouegen Unplugged-Deel an natierlech huet och de Welthit "What's Love Got To Do With It" net dierfe feelen. Zum Schluss, als Zugab, koum nach "Nutbush City Limits" aus der Zäit mam Ike Turner.

Virgruppe waren déi belsch Band "Blue Bot" an dono nach d'Lëtzebuerger Band Cool Feet.