D'Tina Turner ass am Alter vun 83 Joer gestuerwen

© BERTRAND GUAY AFP
Déi US-amerikanesch Sängerin a Pop-Rock-Ikon Tina Turner ass am Alter vun 83 Joer u längerer Krankheet gestuerwen.
D'Tina Turner hat an de 60er a 70er Joren mat hirem Mann Ike Turner eng Partie bekannte Lidder zesummen erausbruecht.
Nodeems béid sech gescheet hunn, dat no enger Zäit vu vill Gewalt, ass d'Tina Turner mat Lidder wéi "What's Love Got to Do with It", "We Don't Need Another Hero", "Simply the Best" oder "Private Dancer" eng vun den erfollegräichsten a bekannteste Sängerinnen an der Geschicht ginn. D'Tina Turner gëllt zënter den 80er Joren als Queen vum Rock'n'Roll, dat virun allem duerch hir onverwiesselbar kräfteg Stëmm.
Wéi et op Facebook vum Tina Turner sengem offizielle Site heescht, wier d'Kënschtlerin am Alter vun 83 Joer no laanger Krankheet friddlech an hirem Haus zu Küsnacht bei Zürech an der Schwäiz gestuerwen. "Mat hir verléiert d'Welt eng Musekslegend an e Virbild", esou d'Management vum Tina Turner am Post.

© GEORG WENDT DPAdpa Picture-Alliance via AFP
D'Tina Turner huet mam biergerlechen Numm Anna Mae Bullock geheescht an ass zu Nutbush am Tennessee an enger Famill vu Bamwoll-Pléckerten opgewuess. Als Meedchen huet d'Turner fréi gesongen a war och séier am Gospel-Chouer aktiv, iert si hiren 8 Joer méi ale Mann Ike Turner kennegeléiert huet an d'Formatioun "Ike and Tina Turner Revue" entstanen ass. Hei si Lidder wéi "2River Deep - Mountain High" an „Nutbush City Limits" entstanen an si souguer als Virprogramm vun de Rolling Stones opgetrueden.
1976 huet d'Tina Turner hire Mann verlooss, deen sech als extrem brutal a gewalttäteg erausgestallt huet. Den Ike Turner ass am Joer 2007 gestuerwen. D'Turner huet et du fäerdeg bruecht, nees vu fir unzefänken an et ass hir am Joer 1984 gelongen, e Comeback ze feieren, dat mat 45 Joer.
Mat bis haut 180 Millioune verkaaften Albume gehéiert d'Tina Turner zu de weltwäit erfollegräichste Sängerinnen iwwerhaapt. Déi lescht Joren huet d'Sängerin mat hirem däitsche Mann Erwin Bach zeréckgezunn an der Schwäiz gelieft.

© HOLGER HOLLEMANN DPAdpa Picture-Alliance via AFP