Ganzer 65 Artiste si Membere vum ARC, engem Kënschtlerkrees, deen et schonn zanter 1959 gëtt.

Ronn 40 vun hinne presentéieren zanter e Mëttwoch den Owend hir Wierker an der Valentiny Foundation zu Rëmerschen.

Scho fir d'Drëtt dëst Joer begeeschtert den ARC de Public duerch seng Diversitéit. De Kënschtlerkrees ass dofir bekannt, Artiste mat enger grousser Villfalt un Iddien, Stiler an Techniken zesummenzebréngen, sou och an der Valentiny Foundation zu Rëmerschen.

Vun der Fotografie iwwer d‘Molerei bis hin zu Installatiounen ze entdecken, ginn et quasi all d'Techniken vun der plastescher Konscht.

Mat dobäi ass och de Moler Frank Yvan, bekannt als Sänger vun der Ska-Band Toxkäpp. Zu Bréissel huet hie Gravure an Zeechnen studéiert. Nodeems hie méi wéi 25 laang d‘Band geréiert huet, konzentréiert hien sech elo op dat, wat hien eigentlech geléiert huet.

Mat Acryl kreéiert hie Wierker am expressionistesche Stil mat androgyne Figuren, déi fir déi mënschlech Verfassung stinn.

Der Josiane Ginter hir Holzskulpturen setzen de weibleche Kierper an Zeen.

De Valentino Camarda léisst mol op Holz, mol op Pabeier ganz divers Figuren an deenen ënnerschiddlechsten Universen opliewen.

Déi vill verschidden Exponate sti wéi och d‘Kënschtler vum ARC an engem reegen Dialog mateneen.

Bis de 4. Juni sinn déi vill Wierker an der Valentiny Foundation zu Rëmerschen ze gesinn.

Weider Informatiounen zum ARC Kënschtlerkrees a senge Memberen fannt Dir hei www.arcasbl.com