Dëse gouf 2001 vun der Maskénada Asbl a vum Naturpark Öewersauer lancéiert a bis 2012 weidergefouert.

Duerno hunn d'Rotondes zwou Editiounen organiséiert, éier si eng 5 Joer laang Paus ageluecht hunn. Elo huet d'Gemeng Esch-Sauer, zesumme mat der Asbl Esch(t)Kultur an der Ënnerstëtzung vum Kulturministère, de Festival erëm an d'Liewe geruff.

Zil vum Marionette-Festival ass et, engersäits d'Kultur bei d'Leit ze bréngen, déi wäit vun deene Plazen ewech wunnen, wou normalerweis sou kulturell Evenementer sinn an anerersäits, der Marionette-Konscht eng méi grouss Plattform zu Lëtzebuerg ze ginn.
Dofir gouf en diversifiéierte Programm fir Grouss a Kleng op d'Been gestalt. An de Scheieren, Garagen a Gäert vun den Toodler Awunner fënnt een ënnerschiddleche Spektakelen, Atelieren, Stroossen-Animatiounen, Karusseller, Concerten an Objet-, Schiet- a Marionettentheateren.

RTL

© Valeria Wiwinius

De Marionette-Festival leeft nach bis den 29. Mee inclus an ass, vun elo un, erëm all zwee Joer virgesinn.