E Festival mat Fokus op Méiwäert an Nohaltegkeet
Niewent groussen Nimm aus der frankophoner Musekszeen, leet de Festival Wäert op Nohaltegkeet, esou wuel a Punkto Logistik ewéi och Kreativitéit.
1985 goufen d'Francofolien, kuerz d'Francoen, fir d’éischte Kéier an der Rochelle, bei der atlantescher Küst vu Frankräich opgefouert. Zil war deemools etabléiert a nei Kënschtler aus der Francophonie ze promovéieren. 38 Joer an eng gutt Rëtsch Concerte méi spéit huet sech un där Partitur net vill geännert. Sou gëtt och zu Esch vill Wäert op Nowuess geluecht. Am Kader vun der Initiativ Francos-Fabrik gi jonk lokal Museker gecoachet an op hire groussen Optrëtt virbereet. Nom Bartleby Delicate an dem MAZ, goufen dëst Joer THE X a PLEASING nominéiert, fir vun deem Programm ze profitéieren.
Iwwregens gouf och beim digitale Site vum Festival staark op Nohaltegkeet gesat. An Zesummenaarbecht mam Lëtzebuergesche Grafik Studio MOLOKO, gouf d'Internetsäit vun de Francofolien esou konzipéiert, datt se bei der Benotzung méiglechst wéineg Energie verbraucht.
Ausserdeem gëtt d'Iess- an Drénkgeschier um Site gespullt a nees benotzt amplaz op Parkplaze fir Autoen, gouf éischter op Navette gesat an dat, net nëmme fir de Lëtzebuergesche Public, mee och fir deen aus de Grenzregiounen.
Eng sëlleg Rei un Iddien duerch déi de Festival de Green Events Label konnt ergatteren. Vun alle Francofolien, sinn déi vun Esch iwwregens déi eenzeg, déi dee Label kruten.
Eng nohalteg Successtory also, déi beweist, datt esou ewéi een an de Bësch rifft oder an deem Fall ebe séngt, esou schaalt et meeschtens och zeréck.