De Schrëftsteller, dee fir seng éischter däischter Romaner wéi "No Country for Old Men" an "The Road" bekannt ass, ass en Dënschdeg mat 89 Joer gestuerwen.

Wéi säi Verlag "Penguin Random House" matdeelt, ass hien un engem natierlech Doud zu Santa Fe am Bundesstaat New Mexico gestuerwen.

De McCarthy huet als ee vun de gréissten US-Bestsellerauteure gegollt. Am Laf vu senger Karriär huet hie sëllege Präisser wéi de Pulitzer-Präis, den National Book Award an den National Book Critics Circle Award gewonnen.

Eng Partie vu senge Wierker goufe verfilmt, dorënner "No Country for Old Men". De bluddegen Neo-Western aus dem Joer 2007 vun de Coen-Bridder mam Tommy Lee Jones, Javier Bardem a Josh Brolin an den Haaptrollen huet véier Oscare gewonnen.