Um Samschdeg war et déi 30. Editioun vun der Fête de la Musique zu Diddeleng.

14 verschidde Büne waren duerch den Zentrum vun der Forge du Sud verdeelt. Zeg Dausende vu Leit koume sech déi eenzel Concerten ulauschteren. Bei gratis Entrée konnt ee sech mat Frënn a Bekannten e flotten Owend zu Diddeleng maachen.

Fête de la Musique
Zu Diddeleng gouf d'Musek gefeiert

Ugefaangen huet alles am Joer 1994 mat engem Dram vum John Rech. Den deemolege Leadsänger vun T42 hat gedreemt, mat senger Band virun der Gemeng kënnen opzetrieden. Zesumme mam President vun der Kulturkommissioun, dem Mars Di Bartolomeo, ass de John viru bal 30 Joer bei den deemolege Buergermeeschter, Louis Rech, dem John säi Bopa, gaangen an huet hie vun der Iddi iwwerzeegt kritt.

Den 18.Juni 1994 gouf déi éischten Editioun vun der "Fête de la Musique" organiséiert. Zanterhier gëtt si all 3. Weekend am Mount Juni zu Diddeleng ofgehalen.

Lëtzebuerger Kënschtler trieden op, awer och international bekannte Gruppen a Museker ginn sech d'Klensch an de Grapp fir däerfen an der Forge du Sud opzetrieden. Mat ënner anerem K's Choice, dem Stephan Eicher a ClockClock war fir gutt Stëmmung a Musek e Samschdeg den Owend gesuergt.

All d'Infoe ginn et um Site vun der Fête de la Musique.