"Cavallino" ass net nëmmen d'Päerd um Logo vu Ferrari, mä och dem Fabrizio Ferreti säin DJ-Numm.

"Wéi ech misst een DJ-Numm fannen, war et mir wichteg, dass et eppes wier, wat mech unzitt a wat ech net no e puer Joer rëm changéiere wéilt, dunn hunn ech mech fir 'Cavallino' entscheet an hunn et souguer op mengem Réck tätowéiert", laacht hien.

De Plang schéngt opgaangen ze sinn, vue dass de Fabrizio zanter gutt 20 Joer ënnert deem DJ-Numm opleet an nach ëmmer net plangt, en ze changéieren. Obschonns hie schonn ëmmer um DJen interesséiert war - "et war ëmmer bësse mäin Dram ze DJen" - huet hien eréischt ufanks vun den 2000er lassgeluecht. Deemools huet hien e Kolleeg no laanger Zäit erëmgesinn, deen an der Tëschenzäit eng Schoul fir DJen a Museker opgemaach huet, wou de Fabrizio dunn och Coursë geholl huet.

DJ Serie - DJ Cavallino

"Zu där Zäit ass grad een neie Bar zu Hollerech opgaangen, dee sech 'Level Bar' genannt huet, a si hunn een DJ gesicht", erënnert hie sech. "Dat war meng éischt Residenz als DJ."

Duerno koumen der eng ganz Partie no, ënner anerem am "Kasemat", "Scott's Pub", "Pahia", "Monkeys" a "Chez Mike". 2017 huet de Fabrizio dunn entscheet, op Ibiza ze plënneren, eng Insel, déi hie faszinéiert huet zanter hien 2015 fir e Jonggesellenabschid do war. Zanterhier pendelt hien tëschent der spuenescher Insel a Lëtzebuerg.

Nieft dem Opleeën u sech huet hie wärend dem éischte Lockdown och ugefaangen, sech ëmmer méi fir d'Produzéieren z'interesséieren an 2020 koum och schonn säin éischt Lidd "No Regrets" eraus. D'Joer drop huet hie säin éischte Succès mat "Mystic Voices - Pat The Cat Chillin' on the Sea Mix" gefeiert, wat a Kollaboratioun mam Pat The Cat hat an et op de Kollektiv-Album "Peace, Love and Summer" vun der "Buddha-Bar Paris" gepackt huet. Zanterhier bréngt den DJ Cavallino reegelméisseg nei Lidder eraus a fënnt och ëmmer méi Uklang op de Streaming Plattformen, woubäi en op Spotify mat iwwer 370.000 Streams wuel de gréisste Succès huet.

Méi Informatiounen zum DJ Cavallino fënnt een op sengem Site.