50 Joer Hip-Hop - DJ Sets, Beatboxing, Rapp, Graffiti a méi...

Dat alles dëse Weekend an dëse Weekend an de Rotonden.
Eng Abberzuel vun Organisateuren hu sech zesummegedoen a brénge hir Passioun de Leit méi no. De Festival huet e puer Pilieren: Graffiti, Danz an natierlech och Musek. De Weekend vum 24. a 25. Juni kann ee vu mëttes bis owes u verschiddene Workshoppen deelhuelen. Esou kritt Grouss a Kleng en Abléck an d’Welte vu Spraydousen, DJ Sets a Pulter, de Rapp an den Hip-Hop a wéi een op dës Musek danzt.
Nieft enger Foire hunn d’Rotonden an enger vun de Gebailechkeeten e komplette, mä eidelen Zuchquai opgeriicht. D'"Voie 15" ass den Ament nach wäiss, de ganze Festival iwwer kann een de Kënschtler vun der "I love Graffiti" asbl iwwert d’Schëller kucken, wéi se den neutrale Quai mat Liewe befëllen.
De Programm um Samschdeg an um Sonndeg :
Samschdes Owes ass eng Konferenz zum Thema "Qui sait encore tout faire aujourd’hui ?". Direkt dono weisen eng ganz Rëtsch Lëtzebuerger an international Museker, wat se kënnen. Um Programm stinn:
Cut Killer (DJ set, FR)
Slizzer (beatbox, LU)
Jeru The Damaja (rap, US)
Figub Brazlevic (DJ, GER)
Raz Fresco (rap, CA)
John Robinson (rap, US)
DJ Larry Tmik (scratch show, FR)
V.I.C. (rap, LU)
Culture The Kid (rap, LU)
Momma Merlin (rap, LU)
DJ PC (DJ-set, LU)
Sonndes gëtt zousätzlech zu de verschiddene Expositiounen an Atelieren op der 7. Editioun vum "On s’en Fish"-Dance-Battle de beschten Dänzer gesicht. Et gëtt dräi verschidde Kategorien: Live Musek, Hip-Hop an House. Eng renomméiert Jury kréint Owes déi beschte Performancen.
De gréissten Deel vum Festival ass fräi, fir d’Ateliere muss ee sech awer virdrun aschreiwen. D'Tickete fir den Dance Battle an d’Concerten wéi och de komplette Programm vum Festival fannt der hei.
Wou kënnt den Hip-Hop hier?
Den Hip-Hop huet säin Ursprong an den 1970er Joren an der New Yorker Bronx. Et waren deemools schwiereg Zäite fir d’Minoritéiten, déi do gelieft hunn. Iwwert den Hip-Hop hunn d’Leit eng Identitéit fonnt an hirem Onmutt Loft gemaach: Vun Ufank un ass d’Musek genotzt ginn, fir géint d’Ongerechtegkeeten an d’Diskriminatioun vun den gréisstendeels afrikanesch-amerikanescher Populatioun ze protestéieren. Déi alleréischte Block Party ass iwwregens 1973 organiséiert ginn.
Mat der Zäit huet den Hip-Hop uechter d'Welt vill Zousproch fonnt a sech am Allgemengen demokratiséiert. Haut ass dës Zeen, déi et zanter knapp 50 Joer gëtt, eng vun de gréissten Influenzen an der Kultur.
Hei geet et op den offizielle Site vun der Block Party.