Am Kader vun hirem Summerprogramm invitéiert d'Stad de Publik vum 30. Juni bis den 2. Juli op gratis Concerten op der Kinnekswiss an der Stad.

Headliner vun der Concert-Serie ass ouni Zweiwel den Batteur vun der brittescher Band "The Police", de Steward Copeland, deen am Kader vu senger "Police deranged for Orchestra"-Tour de Publik op der Wiss wäert begeeschteren.

Ma och d'klassesch Musek an de Lëtzebuerger Philharmoniker bleiwe net vergiess, sou wäerten e Samschden, d'Kompositioune vum Rachmaninow, dem Ravel an dem Strauss tëscht de Beem am Park an der Stad erkléngen.

Ofgeronnt gëtt d'Serie u Concert duerch verschidden Ensembel vum Conservatoire ënnert dem Numm "Kinnekswiss loves..." an der Opféierung vun "Dicksiana". 

Fir déi, déi de Wee an d'Stad net sollte fannen, "Rhapsodies on the Kinnekswiss" ass vun nächster Woch um RTL an um RTL-Play als Replay fir jidderee fräi zougänglech.