D'Welt vum Yayoi Kusama zu Besuch am Athenée

D'Konschtsektioun vum Athenee de Luxembourg luet vum 30. Juni bis de 7 Juli op eng Ausstellung fir de gudden Zweck an.
Wéilt een der japanescher Kënschtlerin Yayoi Kusama hiert Wierk an engem Wuert zesummefaassen, da géing engem warscheinlech als aller éischt "Punkten" afalen.
Wien ass d'Yayoi Kusama?
Vu Beem, iwwer Kierperen, Geméis an urbanen Elementer, d'Yayoi Kusama huet hir Ëmwelt ëmmer nees mat hire faméisen "Polkadots" geschméckt. Doriwwer ewech zielt déi japanesch Kënschtlerin mat zu de Grënner vun der Happening Konscht an huet och d'Welt vun der Moud beaflosst, ënnert anerem un Hand vun enger Kollaboratioune mat Louis Vuitton.

E Wierk vum Yayoi Kusama ausgestallt am Kader vun der Art Basel vun Hong Kong, den 21. März 2023 / © afp
D'Schüler vum Lycée Athenée de Luxembourg an der Stad hu sech mat där bonter Welt ausenaner gesat a proposéiere vum 30. Juni bis de 7. Juli dem Publik en Abléck an hir Interpretatiounen. Skulpturen, Zeechnunge ma och interaktiv Installatiounen déi een an d'Punktewelt vum Kusama versetzen.
D'Wierker kënne fir e fräie Montant ergattert ginn deen dann direkt un d'ONG vum Lycée renverséiert gëtt.
D'Ausstellung leeft vum 30. Juni bis de 7.Juli an ass all Dag, ausser Weekends, vun 08:00 bis 17:00 fir de Public zougänglech.